Um Mëttwoch de Mëtteg huet de Premier an der Chamber eng Deklaratioun gemaach iwwert déi aktuell Situatioun vun der Pandemie.

Deklaratioun an der Chamber / De Reportage vum Maxime Gillen

De Premier Bettel huet virun den Deputéiert eng Deklaratioun gemaach iwwert déi aktuell Coronavirus-Situatioun. Stéchwierder waren Verantwortung vun der Regierung vis-a-vis vun de Bierger, a parallel Eegeverantwortung vu jiddwer Eenzelem.

Et géif wuel villes fir eng Suite vun engem strikte Confinement schwätzen. Esou ee Lockdown hätt awer vun de Leit villes ofverlaangt an hätt op d'Gemidder gedréckt.

D'Gestioun vun der Kris wier op alle Fall nach laang net eriwwer.

Et wär scho villes ënnerholl ginn, mat deels déifgräifende Konsequenze fir d'Leit. Et ware schwiereg Decisiounen. Déi hunn awer misse geholl ginn, esou de Staatsminister.

D'Decisioun fir d'Enn vum Lockdown wier grad esou schwéier gefall, wéi déi vum Confinement.

Xavier Bettel, Extrait 1

Et hätt sécher och inkonsequent Entscheedunge ginn. Et hätt een am Ufank vun der Pandemie nu mol Villes net gewosst. Et huet missen ugepasst ginn. De Xavier Bettel huet och ënnerstrach, dass hie virun deem Hannergrond zu deene Schrëtt steet, déi gemaach goufen.

Et hätt een déi néideg Léiere gezunn.

U Material bei der Lutte géint d'Pandemie feelt et dem Land net, mä et gëtt enk beim zoustännege Personal. Déi Leit, déi do am Asaz waren a sinn, krute speziell vum Premier Merci gesot fir déi Leeschtung, déi se bruecht hunn a bréngen. Och d'Leit an anere Beruffer kruten Merci gesot. D'Solidaritéit wier och haut nach enorm wichteg.

Et happert den Ament op deem Plang.

D'Re-Ouverture vu ville Secteuren hätt net zu vill méi Covid-19-Fäll gefouert. Bei privaten Evenementer gesäit et do awer anescht aus, esou de Staatsminister.

Xavier Bettel, Extrait 2

Een anere Volet vun der Deklaratioun huet sech mat de Konsequenze vun der Pandemie fir d'Wirtschaft an d'Staatsfinanzen befaasst.

Et ass eng Situatioun, déi ugespaant ass a bleift. Idem d'Situatioun um Aarbechtsmaart. Do ass de Chômage bannent engem Joer ëm iwwer en Drëttel geklommen. Bei de Jonken ass et ee Plus vu 59%. Déi Jonk um Aarbechtsmaart gehéiere leider zu de Verléierer vun dëser Kris.

Et wëll een deem, zesumme mat de Sozialpartner, entgéintwierken.

Et gi vill onbekannt Donnéen. Dowéinst ass et extreem schwéier, haut ze soen, wat muer ass.

Et muss een op alle Fall mat weideren Infektioune rechnen. An deem Kontext war et nach emol den Appell, sech un d'Reegelen ze halen a sech testen ze loossen. Precautioun wier méi wichteg wéi jee a sécher méi ubruecht, wéi Party ze maachen. Den Effort op deem Plang wier net riseg. D'Konsequenz vum Net-Respekt vun de Reegelen dogéint enorm. De kollektiven Effort an d'Solidaritéit si weider gefrot, esou de Xavier Bettel.

Xavier Bettel, Extrait 3

Duerno war et d'Interventioun vun der Gesondheetsministesch

"Mir setzen alles drun, datt mer keen zweete Lockdown méi kréien". Dat sot d'Gesondheetsministesch an der Chamber am Cercle op der Plëss.

Duerch déi éischt Phas vun der Kris ass Lëtzebuerg, trotz villen Affer, Limitatiounen a Restriktiounen, relativ gutt derduerch komm. Par Rapport zu der Belsch oder och Italien a Spuenien wier d'Courbe vun der Surmortalitéit flaach bliwwen.

Et wier och nach net un der Zäit, Bilan ze zéien, sou d'Paulette Lenert, well déi éischt Phas vun der Corona-Pandemie wuel laanscht wier, mä et misst ee weider beméit bleiwen, fir d'Kris ze meeschteren, mat de richtegen Decisiounen an den néidege Precautiouns-Mesuren.

Et dierft ee sech net verblende loossen, well déi zweet Well géif nees nei, aner Defien stellen, sou d'Ministesch, déi d'Lutte géint de Viraus als enorm Erausfuerderung fir sech perséinlech als politeschen Newcomer empfonnt huet.

Extrait Paulette Lenert

Iewescht Zil wier et, weider d'medezinesch Capacitéite wärend dem weidere Verlaf vun der sanitärer Kris intakt ze halen; duerfir wier jidder Eenzelen gefuerdert, absënns och am Privaten an natierlech am ëffentleche Raum, wou Mask an Distanz-Reegelen iewescht Obligatioune bleiwen. Ausdauer mat klenge Geste wier duerfir ubruecht, e "Relachement" an dësen Geste wier irresponsabel fir sech selwer an d'Allgemengheet.

Un der ambitiéiser Teststrategie gëtt festgehalen, grad wéi um analogen Traçage, wann eng Persoun positiv getest gouf.

Et geet weider drëms, d'Kontroll iwwert de Virus ze halen, och wann een der LSAP-Ministesch no alarméiert wier iwwert déi aktuell héich Infektiounszuelen.

Nieft dem Large Scale Testing gëtt och eng nei Test-Strategie gefuer, mat ënnert anerem dem systemateschen Teste vu klenge Gruppe vu Leit, also Echantillonen, fir esou e globalen Iwwerbléck vum Verbreede vum Virus ze kréien - och gëtt méi um Findel getest, grad wéi och systematesch beim Personal vu Spideeler oder CIPAen.

Kloer fir d'Paulette Lenert ass, datt d'Kris, trotz der aktueller "Quasi-Normalitéit", nach laang net iwwerstane wier; besonnesch fir ufälleg Leit, misst d'Solidaritéit derfir weider gëllen a spillen.

D'Fraktioune kréien um Donneschdeg d'Wuert zu den Covid-Deklaratioune vun de Ministere Bettel a Lenert.

Grouss Zweiwel beim Thema Tracing-App

Thema Tracing-App an der Chamber / vum Claudia Kollwelter

Et bleiwe grouss Zweiwel iwwert d’Notze vun enger Tracing-App an d’Regierung bleift skeptesch. Dat hunn de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber am Cercle betount.

An enger Aktualitéitsstonn, déi vun der CSV ugefrot gouf, ass et op en Neits iwwert e digitalen Tracing vu Corona-Infiziéierte gaang, dat nodeems am Mee eng Motioun iwwert de Sujet an der Chamber ugeholl gouf. Iwwerrascht hu sech dofir och d’Parteie gewisen, datt d’CSV nach emol heiriwwer diskutéiere wollt, well keng nei Elementer bäikomm wieren an d’Positioun vun den ënnerschiddleche Parteien dofir och net geännert hätt.

D'CSV-Deputéiert Viviane Reding huet zouginn, datt esou eng App net d'Léisung fir de Problem wier, allerdéngs, an hiren Aen, eng zousätzlech technesch Hëllef kéint sinn. D'Gesondheetsministesch huet präziséiert, datt een aktuell 60 Leit am Service vum analogen Tracing schaffen huet an een esou opgestallt ass, datt een op zousätzlecht Personal zeréckgräife kéint.

Et géif ee sech enger digitaler Léisung net komplett verschléissen, huet de Premier betount, an et wier wichteg, fir all Zenario prett ze sinn, ma de manuellen Traçage wier bis elo ganz effikass.

En Donneschdeg sinn effektiv d’Debatten an der Chamber iwwert d’Covid-Rieden, ma den Owend kréien d’Parteien d’Wuert live am RTL-Kloertext op der Tëlee.

Et diskutéiere vun 20 Auer u Vertrieder vun allen Oppositiounsparteien, grad wéi d’Ministere Lenert, Bausch a Meisch. Fir d’Oppositioun sinn de Marc Baum, Sven Clement, Fernand Kartheiser a Claude Wiseler am Studio.