An zwou Woche fänkt d’Schoul nees un. Wéi d’Rentrée deen Ament ausgesäit, ass bis ewell awer nach ëmmer net gewosst.

D’Diskussiounen am Educatiounsministère géifen nämlech nach lafen. De concernéierte Minister Claude Meisch sot en Dënschdeg de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz iwwert d’Summerschoul, enger Zort Rattrapage-Coursen, déi e Méindeg ugefaangen hunn, dass e kompriméierten Horaire keng Optioun wier an dass nach misste Gespréicher gefouert ginn.

Extrait Claude Meisch

De Claude Meisch: "Dat ass e Prozess, deen natierlech tëscht eisem Ministère an natierlech och de Gesondheetsinstanze ganz enk diskutéiert gëtt. An déi Diskussioune lafen och nach am Detail. Ech sinn och ganz optimistesch, dass mer déi lescht Froen nach gutt gekläert kréien. Iwwerhaapt war et iwwert de Summer eng gutt Zesummenaarbecht. Mir wëlle jo e Modell virginn, wéi mer dat ganzt Schouljoer iwwer kënne funktionéieren. Ech selwer si momentan a ganz ville Consultatiounsgespréicher, mat Enseignantsgewerkschaften, mat den Direktiounen, mat Elterevertrieder an och mat Schüler, an déi daueren op d’mannst nach bis e Mëttwoch. E Freideg de Moien hu mer Regierungsrot an ech denken, dass dat hei esou wichteg ass, dass ech och de Regierungsrot wëll fir d’éischt informéieren an och do en Accord kréien, ier mer eppes verëffentlechen."

De Claude Meisch huet en Dënschdeg de Moien awer duerchblécke gelooss, dass d’Coursë souwuel an der Grondschoul, wéi och am Secondaire, sou normal wéi nëmme méiglech sollen oflafen, och wann een natierlech e konkrete Plang bréicht, wéi mat méiglechen Corona-Infektiounsfäll ëmzegoe wier.

Et wéilt een et méi staark ofstufen, fir op eenzel Situatioune méi geziilt kënnen anzegoen. Beispillsweis a Schoulen, wou de Virus méi present ass, fir do méi Sécherheetsmesuren ze imposéieren.

Detailer sollen et deemno e Freideg ginn.

Message vum Educatiounsministère, deen e Méindeg verschéckt gouf

Covid-19 Tester fir all d'Schüler an Enseignanten: e Garant fir eng méi sécher RentréeLéif Enseignanten, léif Elteren, léif Schüler,
Zanter der leschter Woch sinn déi éischt Invitatiounen un Enseignanten a Schüler erausgaang, fir sech fräiwëlleg op de Covid-19 testen ze loossen. Dës Mesure soll eis eng Rentrée an der gréisstméiglecher Sécherheet erlaben.
Dir kënnt Äre Bäitrag zu enger méi sécherer Schoul leeschten, andeems der Iech als Enseignant oder Schüler teste loosst.
Dës Tester setzen sech an de Kader vun engem ganzen Dispositif, deen, zesumme mat der Santé, fir d'Rentrée an de Schoulen en place gesat gëtt. Dësen Dispositif soll engersäits dofir suergen, datt d'Schoulen an der gréisstméiglecher Normalitéit kënne fonctionéieren an datt mer anerersäits séier Mesurë kënnen ergräifen, déi der aktueller sanitärer Situatioun ugepasst sinn. Méi prezis Informatiounen zum sanitäre Konzept fir d'Rentrée ginn de 4. September presentéiert.
Merci fir Är wäertvoll Collaboratioun an der Lutte géint de Covid-19 a bleift gesond!

Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Tests de dépistage pour tous les éleves et enseignants : le garant pour une rentrée plus sûre

Chers enseignants, chers parents, chers élèves,
La dernière semaine les premières invitations pour se soumettre volontairement au test Covid-19 sont parvenues aux enseignants et aux élèves. Cette mesure devrait permettre une rentrée scolaire dans la plus grande sécurité possible.
Vous pouvez également apporter votre contribution à une école plus sûre en vous faisant tester, en tant qu'enseignant ou élève.
Ces tests font partie d'un dispositif mis en place, en collaboration avec la Direction de la Santé, dans le cadre de la rentrée des classes en septembre. Ce dispositif devra, d'une part, contribuer au fonctionnement des écoles dans la plus grande normalité possible et, d'autre part, permettre une mise en place rapide de mesures adaptées à la situation sanitaire actuelle. Des précisions concernant le concept sanitaire mis en place pour la rentrée vous seront communiquées le 4 septembre.
Je vous remercie d'ores et déjà de votre précieuse collaboration dans la lutte contre le Covid-19 et restez en bonne santé !

Claude Meisch
Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse