Diddeleng ass d’Wéi vun der Arbed. 1883 gouf um Site d’Schmelz gebaut. Iwwer 4.000 Leit hunn an der Forge du Sud hiert d’Brout verdéngt. Um Enn bloufen der nach 250. No iwwer 120 Joer Industriegeschicht war 2005 zu Diddeleng Schluss.
Do wou soss d’Héichiewe gedämpt hunn, entsteet ënnert der Regie vum “Fonds du Logement” an den nächste 15 Joer e fuschneie Quartier. 1.000 Wunnenge sollen um 40 Hektar groussen Areal gebaut ginn.
Wunnen, Schaffen an Erhuele soll ee sech kënne spéider hei. Eng grouss Liewensqualitéit soll op den Diddelenger Brochen erëmzefanne sinn. Abordabele Wunnraum gëtt hei um Site vun der fréierer Arbed geschaafen.
2.300 Mënsche wäerte spéider hei en néit Doheem fannen. De Quartier NeiSchmelz soll CO2-neutral an autofräi bleiwen.
D’Geschicht vun dësem Site gëtt net vergiess. 11 Gebaier vun der fréierer Schmelz bleiwen erhalen a ginn an den neie Quartier integréiert. Ënnert anerem déi 600 Meter laang Hal, dat fréiert Walzwierk.
Erschwéngleche Wunnraum mat Appartementer an Haiser solle bis 2035 hei am Quartier NeiSchmelz entstoen.