SchrassegÉischte positive Fall bei engem Detenu

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, wären awer soss keng positiv Fäll gemellt ginn.
© RTL Archiv

Am Prisong zu Schraasseg gouf et dës Woch fir d'éischte Kéier e Coronafall bei engem Detenu, de Recht vun den Tester war awer negativ. Dat sot den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil e Samschdeg den Owend dem Wort géigeniwwer, nodeems en d'éischt an enger Emissioun um 100,7 vun deem Fall geschwat hat a kruten dat och op Nofro confirméiert.

Et war deen éischte Fall am Prisong selwer zanter dem Ufank vun der Pandemie. Leit, déi am leschte Joer nei op Schraasseg komm sinn, koumen ëmmer d'éischt an eng Quarantän. Hei wieren et 15 positiv Fäll ginn, déi doduerch awer ni a Kontakt mam Recht vun der Prisongspopulatioun komm wieren.

D’Majoritéit vun de Prisonéier si vulnerabel, dofir huet d'Regierung rezent decidéiert datt d'Prisongspopulatioun och prioritär soll geimpft ginn. Ufank Abrëll sollen all d’Detenuen d’Méiglechkeet kréie sech impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO