Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBayern steet an der Finall vum DFB-Pokal, ManCity setzt sech un d'Tabellespëtzt

Jeff Birsens
Den FC Bayern ass weider um Wee Richtung Triple, nodeems ee Bayer Leverkusen mat enger verdéngter 2:0-Victoire eliminéiert huet.
Bayern Munich's English forward #09 Harry Kane celebrates scoring the opening goal with his teammates during the German Cup (DFB-Pokal) semi-final football match between Bayer 04 Leverkusen and FC Bayern Munich in Leverkusen, western Germany on April 22, 2026.
Den Harry Kane huet e Mëttwoch nees getraff.
© AFP

Um Mëttwochowend ass de Ball net nëmmen an der Coupe de Luxembourg gerullt, och op den internationalen Terraine gouf gespillt. An Däitschland huet sech den FC Bayern mat engem 2:0-Succès zu Leverkusen als éischt Ekipp fir d'Finall vum DFB-Pokal zu Berlin qualifizéiert. An England gëtt et donieft en neien Tabelleleader, nodeems sech Manchester City mat 1:0 zu Burnley duerchsetze konnt. Burnley steet domat no Wolverhampton och schonn als zweeten Ofsteiger fest. Fir den FC Barcelona gouf et dann nach eng knapp 1:0-Victoire, duerch déi ee weider bescht Chancen op de Championstitel huet.

DFB-Pokal

Leverkusen - Bayern 0:2
0:1 Kane (22'), 0:2 Diaz (90+3')

Den FC Bayern huet sech mat engem knappen awer héich verdéngten 1:0-Succès zu Leverkusen eng Plaz an der Finall vun der Coupe geséchert. No enger dominanter éischter Hallschent war et duerch e Gol vum Harry Kane an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet Leverkusen dann och ëmmer mol nees offensiv e Wuert matgeschwat, ma dat sollt um Enn awer net duergoen, fir de souveräne Bayern e Been ze stellen. Mam 2:0 duerch de Luis Diaz war dann den Deckel drop. Fir d'Münchener ass den Triple dës Saison also weiderhi méiglech. En Donneschdeg decidéiert sech, ob et an der Finall zu Berlin géint den SC Freiburg oder VfB Stuttgart geet.

Premier League

Burnley - Manchester City 0:1
0:1 Haaland (5')

Manchester City ass no enger 1:0-Victoire beim FC Burnley neien Tabelleleader an der Premier League. Den Erling Haaland hat City mat engem fréie Gol schonn no fënnef Minutten a Féierung bruecht. Och duerno huet sech de Gaascht aus Manchester dominant gewisen an huet d'Spill kontrolléiert. D'Lokalekipp hat nach eemol alles erageheit, fir en 1:1 ze markéieren, konnt géint den alles an allem dominante Géigner awer keng Reaktioun méi weisen a muss duerch d'Defaite um Enn de Wee an déi zweet englesch Liga untrieden.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Ligue 1

PSG - Nantes 3:0
1:0 Kvaratskhelia (13'), 2:0 Doué (37'), 3:0 Kvaratskhelia (50')

E Mëttwoch den Owend gouf an der Ligue 1 en Nodrosmatch gespillt. De PSG huet dobäi seng Plaz als Tabelleleader duerch eng 3:0-Victoire géint Nantes gefestegt a bleift mat véier Punkte virum Zweete vum RC Lens. De ganze Match iwwer war de PSG déi besser Ekipp, och wann Nantes vereenzelt gutt Méiglechkeeten op en eegene Gol hat. Um Enn hunn awer zwee Goler vum Khvicha Kvaratskhelia an ee vum Desiré Doué den Ënnerscheed gemaach. Am Championnat bleiwen nach véier Spilldeeg ze spillen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

Coupe de France

Stroossbuerg - Nice 0:2
0:1 Wahi (51'), 0:2 Wahi (82')

Nice steet nieft dem RC Lens an der Finall vun der Coupe de France, dat no enger 2:0-Victoire zu Stroossbuerg. No enger éischter Hallschent ouni Goler war sechs Minutten nom Säitewiessel dem Elye Wahi den 1:0 fir d'Gäscht vun der Côte d'Azur gelongen. De Stiermer vun der Elfenbeinküst sollt dann an der 82. Minutt per Eelefmeter op 2:0 erhéijen an domat de Match entscheeden. D'Finall géint den RC Lens gëtt den 22. Mee gespillt.

La Liga

Elche - Atlético Madrid 3:2
0:1 Gonzalez (10'), 1:1 Affengruber (18'), 2:1 Silva (33'), 2:2 Gonzalez (34'), 3:2 Silva (75')

Barcelona - Celta Vigo 1:0
1:0 Yamal (40')

Den FC Barcelona bleift weider um Wee Richtung Championstitel. E Mëttwoch den Owend konnte sech d'Katalanen doheem mat 1:0 géint Celta Vigo duerchsetzen a bleiwen deemno néng Punkte virum Verfollger Real Madrid. En Eelefmetergol vum Lamine Yamal kuerz virun der Paus huet hei um Enn den Ënnerscheed gemaach. Eenzeg schlecht Nouvelle fir d'Ekipp vum FC Barcelona ass op dësem Owend eng potenziell Blessure vun hirem jonke Superstar. Nodeems de Lamine Yamal säin Eelefmeter erageschoss hat, ass hie mam medezinesche Personal vum Terrain gehumpelt.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Coppa Italia

Atalanta - Lazio Roum 1:2 (a.E.)
0:1 Romagnoli (84'), 1:1 Pasalic (86')

Lazio Roum huet sech am Eelefmeterschéisse géint Atalanta duerchgesat an trëfft domat den 13. Mee an der Finall op Inter Mailand. No engem 2:2-Remis am Allersmatch war et och beim zweeten Openanertreffen enk tëscht béiden Ekippen. Laang stoung et 0:0 a réischt an der 84. Minutt konnt dem Alessio Romagnoli d'Gäscht aus Roum a Féierung bréngen. Dës sollt awer net all ze laang halen, well nëmmen zwou Minutten drop de Mario Pasalic nees egaliséiert huet. Well och an der Verlängerung kee Gewënner konnt ermëttelt ginn, ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen. Do war et no véier Feelschëss op der Säit vun Atalanta dann de Kenneth Taylor, dee Lazio mam decisiven Eelefmeter an d'Finall schéisse konnt.

Back to Top
CIM LOGO