"Et ginn der, déi duerch dës Kris gewannen" huet de Vizepremier Dan Kersch e Sonndeg de Moien um digitalen LSAP Kongress festgestallt an dofir huet hien am Numm vu senger Partei fir eng selektiv Corona-Steier plädéiert, déi d'Gewënner vun dëser Kris misste bezuelen.
De Vizepremier huet ënnerstrach, datt et op kee Fall déi jonk Generatiounen dierfte sinn, déi fir dës Kris musse bezuelen. Et wieren déi, déi méi hunn, déi och elo méi musse ginn:
Datt d'Steierreform, esou wéi se geplangt war, net kéint realiséiert ginn, géifen d'Sozialiste verstoen, dofir géif de finanzielle Spillraum feelen.
D'LSAP fuerdert, bei Recetten, déi d'selwecht bleiwen awer eng steierlech Entlaaschtung vun der Aarbecht an eng méi héich Besteierung vun de Kapitalerträg an dem Ressourcëverbrauch.
D'Lounsteier dann, déi jo jidderee bezilt, misst däitlech erof goen. Et missten aner Forme vun Akommes méi héich besteiert ginn. Do nennt den Dan Kersch, zum Beispill, d'Akommes vu Loyeren, Immobilie-Verkeef, Aktie-Gewënn an Dividenden.
Op hirem digitale Kongress huet d'LSAP alleguer d'Mandater an der Partei ëm ee Joer verlängert.
D'LSAP huet sech e Sonndeg de Moien iwwert eng grouss Eenheet an der eegener Partei gefreet an huet natierlech och op d'Situatioun beim fréiere Koalitiounspartner reagéiert. Den Dan Kersch: "Als Engel lieft ee geféierlech an der CSV....."
D'Sozialisten huelen zur Kenntnis, datt verschidden Deeler vun der CSV oppe mat der ADR flirten, esou den Dan Kersch, fir deen eng Spaltung vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei net ausgeschloss ass.
Fir d'LSAP wier kloer, datt eng Zesummenaarbecht mat enger CSV, an där déi riets, neoliberal, reaktionär an nationalistesch Kräfte sech duerchsetzen, net a Fro kënnt. Wärend déi Aner sech zerfleesche géifen d'Sozialiste mat roueger Hand weider géint d'Pandemie kämpfen.
Um Kongress goufen alleguer d'Partei-Mandater ëm ee Joer verlängert.