BirelergronnPompjeesasaz wéinst verschmotzter Baach

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie goufen d'Pompjeeën an den Asaz geruff, well d'Stackelgesgriecht verdreckst ass.
Birelerbaach verdreckt
Pompjeeë goufen an den Asaz geruff, well d'Birelerbaach verknascht ass. Mat wat genee, konnt eis net gesot ginn.

Ëm wat fir eng Verschmotzung et sech handelt, konnt d'Administration de la Gestion de l'Eau op Nofro hin net matdeelen. Op der Plaz ass awer e ganz strenge Geroch festzestellen an d'Waasser ass gréng verfierft.

Et geet ëm Stackelgesgriecht, déi op der Héicht vun Neihaischen an d'Birelerbaach an dono Héicht Schraasseg an d'Syr fléisst.

Back to Top
CIM LOGO