Sirdall / Findel OfwaasserEng Pollutioun déi Nerve kascht a geschwë kee Problem méi soll sinn

Monique Kater
Eng Kläranlag ausbauen, well se ze kleng ass – dat ass eppes, wat méi einfach kléngt, wéi et ass.
Sirdall: Problematik ronderëm Ofwaasser vum Findel
Eng Pollutioun déi Nerve kascht a geschwë kee Problem méi soll sinn

D'Problematik ronderëm d'Ofwaasser vum Findel ass scho laang bekannt, géif awer mat Sécherheet net ignoréiert, weder vun de Gemengen, nach vun der Ëmweltministesch an och net vu Luxairport. Dës Ausso vum Buergermeeschter vu Schëtter bezitt sech op de massiven Ausbau vun der Kläranlag zu Iwwersiren, un déi net nëmme 5 Gemengen, mä och de Prisong vu Schraasseg, an eben de Findel ugeschloss sinn.

Déi rezent Verknaschtung vun der Birelerbaach duerch Glycol, e Produit, dee gebraucht gëtt, fir d'Fligeren an d'Pist ze entäisen, weist, wéi wichteg d'Ausbau-Aarbechte sinn, zemools well d'Birelerbaach an d'Sir, an déi da matzen duerch e Naturschutzgebitt leeft.

Problematik mam Ofwaasser am Sirdall - Reportage M. Kater

Also wann ee rosen ass, iwwer dës "Sauerei", wéi hien et nennt, ass et de Claude Strotz. Als Méckefëscher an deemno Member vun der Federatioun vun de Sportfëscher, observéiert hie mat Argus-Aen, wéi et eise Baachen a Flëss geet, a virun allem, wat un Dreck dra leeft oder dra lafe gelooss gëtt... a weist dat dann op Youtube.

Claude Strotz: "Et kann net sinn, dass hei scho Ministeren, Buergermeeschteren, Schäffen a Leit, déi hei wunnen, dat schonn 20 Joer acceptéieren a soen: dat war schonn ëmmer esou. Dann ass et vun haut un anescht, an dat verspriechen ech: vun haut u kommen ech reegelméisseg kucken an all Kéiers kritt der es!"

Zwou Baache wiere wuel biologesch esou gutt ewéi dout, mengt de Claude Strotz, an d'Birelerbaach géing deen Dreck, dann och nach, an d'Sir mat eranhuelen... flott fir d'Natura 2000 Zon an dat 50 Hektar grousst Fiichtgebitt, dat zu engem groussen Deel op Betzder Terrain läit. Dee Buergermeeschter, de Jean-François Wirtz, ass och not amused iwwer de Knascht vun uewen a wonnert sech.

Jean-François Wirtz: "Et ass schonn e bësse kontradiktoresch, well op där enger Säit alles gemaach gëtt, fir dat Fiichtgebitt hei ze renaturéieren, d'Biodiversitéit unzekuerbelen, Waasserbüffelen hinzesetzen... an op där anerer Säit, d'Häerz vun deem ganzen Dall hei, d'Sir, dass déi dann ënnert den Auswierkunge vum Findel leit."

Mir erënneren eis un eis nei Karpatesch schwaarz Kolleegen mat den Härenter, déi gemittlech am Bulli laanscht oder an der Sir leien an idderzen... d'Waasserbüffele si jo en Deel vum gemeinsame Projet vu Naturverwaltung a Waasserwirtschaftsamt, dat sech ëm d'Renaturéierung am Sirdall bekëmmert. Dem Marianne Peters sinn och d'Büffele net egal.

Marianne Peters:"E gewësse Risiko ass do, hannert all Kläranlag a Pollutiounen. Mir hu probéiert Naturschutz a Gewässerschutz ënner een Hutt ze kréien an duerfir ass et eis wichteg, dass Drot hei laanscht kënnt, als Pufferzone laanscht d'Waasser, mat Gesträich dolaanscht. Dat heescht, d'Véi kënnt net an d'Gewässer eran. A mir hu fir Tränkplaze gesuergt, mat frëschem Waasser, wa wierklech e Problem wier."

D'Waasserbüffele géingen normalerweis nom Goût goen, an hätte léiwer gutt, wéi schlecht Waasser, erkläert eis d'Spezialistin fir Renaturéierungen... mam Numm vun dëser Rass, kéint dat jo dann och vläicht klappen.

Back to Top
CIM LOGO