MamerProjet "Wëltgebond" schaaft Wunnraum fir 370 Leit

RTL Lëtzebuerg
An der Mamer Gemeng gëtt vum Fond de Logement en neie Wunnprojet realiséiert. 162 Wunnenge sollen hei beim Lycée Josy Barthel gebaut ginn.
© Fonds du Logement

Ronn 80 Prozent vun de Wunnenge sinn Appartementer, déi aner ginn dann Eefamilljenhaiser. Vun den 162 Wunnenge sollen der 117 verlount ginn, 32 gi subventionéiert verkaf, 13 net subventionéiert.
Speziell um neie Wunnquartier, dee bis 2030 soll fäerdeg sinn, ass, dass pro Wunneng keng zwou, mä nëmmen eng Parkplaz virgesinn ass.

E Freideg krut deen neie Wunnprojet zu Mamer am Regierungsrot d’Notioun vun “intéret général” zougesprach. De Staat bedeelegt sech mat 83 Milliounen um neie Quartier.

Back to Top
CIM LOGO