Den OGBL huet e Freideg virum Staatsministère géint d'Indexmanipulatioun protestéiert. Eng 50 Gewerkschaftler sinn op der Place Clairefontaine zesummekomm.

Den 1. Juli organiséiert den OGBL e speziellen Aktiounsdag, fir déi an hiren Aen ongerechtfäerdegt Index-Manipulatioun ze denoncéieren.

Um Protestpiquet virum Staatsministère op der Place Clairefontaine huet d'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back, an deem Kader betount, d'Regierung an d'Patronat hätten decidéiert, all déi schaffend a pensionéiert Leit ze beklauen. Eng 50 Gewerkschaftler vum OGBL waren op d'Plaz komm. Ma et wier keng Maniff, mä e symbolesche Protestpiquet, huet et geheescht. Symbolesch, well et ee vu ville wier, déi géingen zesumme mat den Delegatioune virun enger Partie Entreprisen ofgehale ginn. De Choix wier do op Betriber gefall, déi, der Meenung vum OGBL no, hätte kéinten ouni Problem eng Indextranche ausbezuelen, well si géingen zu de Krisegewënner gehéieren.

D'Indextranche soll jo am Abrëll d'nächst Joer eréischt declenchéiert ginn, wéi dat am Tripartite-Accord festgehale gi war, deen den OGBL jo net mat ënnerschriwwen hat. Pro Mount, wou d'Indextranche net géing ausbezuelt ginn, géingen de Leit 70 Milliounen Euro u Kafkraaft verluer goen, huet d'Nora Back virgerechent. Pro Dag wieren dat 2,2 Milliounen. An dat wier e Kaddo mat der Géisskan vum Staat un all d'Betriber.

De ganzen Dag iwwer ginn dofir eng Partie symbolesch Aktiounen am ganze Land ofgehalen, beispillsweis viru grousse Betriber, virun der Staatskantinn, oder eben och virum Staatsministère. Den OGBL fuerdert jo weiderhin, dass den Index-System normal soll spillen.