Bei de Räiss-Waffele vun der Mark Lima gouf en erhéichte Wäert vun Aflatoxinne festgestallt.

Dës Toxinnen entstinn duerch bestëmmte Schimmelpilzer, déi sech entwéckele kënne bei Fiichtegkeet vun engem Liewensmëttel oder méi héijen Temperaturen. Déi sougenannte Aflatoxinne gi vun den Europäeschen Agencë fir Liewensmëttelsécherheet als genotoxesch a kriibserreegend agestuuft.

Beim Réckruff handelt et sech ëm d'130-Gramm-Päck mat "Galettes de riz 100%" vun der Mark Lima. Betraff ass de Lot R22182B mam Verfallsdatum bis den 02/07/2023. De Produit gouf antëscht aus de verschiddene Verkafsplazen erausgeholl, wéi d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire matdeelt.