Illegal agefouert Medikamenter sinn a ganz Europa en heefege Phenomen, sou och zu Lëtzebuerg.

Bannent de leschte 5 Joer huet d'Douane ronn 5.600 gefälschte Medikamenter interceptéiert. Iwwer d'Hallschent dovunner ware Mëttel géint Erektiounsprobleemer. Dës sollen d'Wierkstoffer Sildenafil oder Tadalafil opweisen, wat awer dacks net de Fall ass. Am Diddelenger LNS hunn d'Fuerscher dës gefälscht Medikamenter ënnersicht a koumen zur Conclusioun, datt eng vun dräi Pëllen net den europäesche Qualitéitskrittären entsprécht. Den LNS warnt deemno virdrun, esou Medikamenter ze kafen. Wien dës anhëlt, géif uerg Suitte riskéieren, déi deelweis kéinten déidlech sinn.

D'Online-Vente ass iwwerdeems hei am Land nëmme fir Medikamenter erlaabt, déi een ouni Rezept an Apdikte ka kafen.