An der Chamber war de Mëttwoch eng Interpellatioun vun der CSV iwwert d'Lektiounen, déi een aus der Covid-Kris kann zéien, en vue vun engem Pandemiegesetz.

Déi Chrëschtlech-Sozial hunn do bedauert, datt de Rapport vun der OECD iwwert d'Gestioun vun der Corona-Kris keng Evaluatioun géif maache vun deenen eenzele Mesuren, déi wärend ville Méint gegollt hunn.

De Claude Wiseler huet ënnerstrach, datt et awer fir seng Partei fundamental wichteg wier ze wëssen, ob d'Maskeflicht eppes bruecht huet. Respektiv wéi een Effekt de Lockdown hat, d'Ausgangsspär, d'Spärstonn a Caféen a Restauranten oder och nach den 3G-System.

E Pandemiegesetz an eng detailléiert Analys gehéieren also weider zu de Fuerderunge vun der gréisster Oppositiounspartei.

De Claude Wiseler

D'CSV hat de Premier mat där enger oder anerer Ausso e bësse gepickt. De Xavier Bettel huet u verschidden Iddien erënnert, déi aner Parteie wärend der Kris gemaach hunn.

De Xavier Bettel

Elo, wou een de Virus versteet, misst een och zouginn, datt ee munches hätt kënnen anescht maachen. Mä dat wéisst een elo. De Xavier Bettel huet och d'Fro opgeworf, firwat ee sech net och eng Kéier zesumme freeë kann, wann een zesummen eng gutt Aarbecht gemaach hätt.