Och zu Lëtzebuerg ass d'Situatioun ëmmer nach ugespaant. D'Zuel vun de Fäll vu Gewalt géint Fraen ass héich, grad ewéi och an den Nopeschlänner.

Bannent deene leschten 12 Méint ass all fënneft Fra zu Lëtzebuerg Affer vu kierperlecher, sexueller oder psychescher Gewalt ginn. Dat geet aus enger rezenter Etüd vum Statec ervir.

Mat der Orange Week gëtt all Joer op déi Problematik higewisen a sensibiliséiert. Um Samschdeg war an deem Kader fir déi 6. Kéier eng Marche de Solidarité zu Esch, déi vum nationale Fraerot mat organiséiert gouf.

Orange Mutzen, Gileten, Schaler a Schëlder: Orange ass déi weltwäit unerkannte Faarf fir géint Gewalt u Fraen opmierksam ze maachen. Mat Spréch wéi “Letz Say No to Violence” oder “Brisons le silence” hunn d'Manifestante versicht Tabuen ze briechen. D'Orange Week leeft nach bis den 10. Dezember.

Gewalt géintiwwer Fraen ass am Grand-Duché genee esou verbreet wéi an eisen Nopeschlänner, seet d'Andrée Birnbaum, d'Direktesch vun der Asbl Femmes en détresse. Si bedauert, dass psychesch Gewalt géint Fraen net vu jidderengem eescht oder richteg wouergeholl gëtt. Dobäi géif et dacks mat Beleidegungen ufänken an da schlëmmstefalls a kierperlech Verletzungen iwwergoen.

Et sief drun erënnert, dass eng Fra am Fall, wou se physesch oder sexuell Gewalt erlieft huet, sech beim Service UMEDO am Gesondheetslaboratoire zu Diddeleng ka mellen. Do hu Betraffener d'Méiglechkeet hir Blessuren dokumentéieren ze loossen, ouni direkt mussen eng Plainte géint den Täter ze maachen. Spéiderhin, wann d’Affer da prett ass sech un d’Police ze wenden, kann et dann op déi Donnéeën als Beweismaterial zréckgräifen.

D'Andrée Birnbaum confirméiert och, dass et effektiv ze vill Affer vun haislecher Gewalt ginn, mer net genuch Plazen a Fraenhaiser hunn. Et géif awer hei eng Prioritéitsprozedur fir Fraen, déi a Liewensgefor sinn natierlech vir ze huelen. Anerer géife scho mol zäitweis an engem Hotel ënnerkommen, bis weider Léisunge fonnt ginn. Op alle Fall awer wier et wichteg, d'Affer weider ze suivéieren a guidéieren.

Wat d'Täter ubelaangt, sou gëtt der Direktesch vu Femmes en détresse ze bedenken, dass et sou vill Recidivë ginn. Zejoert goufen et 44 Widderhuelungstäter, also Persounen déi wéinst Gewalt, di se ausgeüübt hunn, scho méi wéi eemol expulséiert goufen. D‘Andrée Birnbaum plädéiert a sou Fäll fir mi streng Sanktiounen.