E grousse Problem fir vill Kanner mat spezifesche Besoinen zu Lëtzebuerg sinn déi vill verschidde Sproochen, déi am Schoulsystem ugebuede ginn.

Schoulesch Inklusioun - De Reportage vum Pierre Jans

Am Duerchschnëtt dauert et 10 Méint, bis d’Prise en charge vun engem Kand mat spezifesche Besoinen ufänkt, dat geet aus engem neie Rapport ervir, deen den Educatiounsminister Claude Meisch virgestallt huet. Zanter de Reforme vun 2017 an 2018 goufe méi Ressourcë fir d'Inclusioun declenchéiert, mä wat d’Delaien ugeet, soll an engem nächste Schrëtt nogebessert ginn. En anere Chantier um Terrain ass d’Fro vun de ville Sproochen hei am Land.

Fir Kanner, déi vu Gebuert u Schwieregkeeten hunn, fir Sproochen ze léieren, wier eise Schoulsystem eng Erausfuerderung, esou de Marc Schmidt, Directer vum Centre de Logopédie. Mat just enger oder zwou Bildungssprooche kéinten dës Kanner de Schoulparcours packen an och en Ofschloss maachen, mä déi vill Sprooche ginn hinne zum Verhängnes.

Projete wéi d’Alphabetiséierung op Franséisch wieren en éischte Schrëtt, mä fir Kanner mat spezifesche Besoine sollt eng Sprooch komplett kënne ewechfalen, esou nach den Directer vum Centre de Logopédie.

Allgemeng wier den Diagnostik besonnesch wichteg, fir dass Elteren an Enseignante wëssen, wéi d’Kand am beschte léiert. Dowéinst sollt net ze laang mussen dorop gewaart ginn. Den Delai soll dowéinst mat engem neie Gesetzestext verkierzt ginn. No 3 Méint soll op d’mannst emol eng Ufanksdiagnostik do sinn, mat deem d’Enseignante scho kënne schaffen. Duerno kéint den Diagnostik ëmmer nach ausgebaut ginn, präziséiert den Educatiounsminister Claude Meisch.

Duebel esou vill Ressourcë wéi nach am Schouljoer 2014/15, goufen an de leschte 5 Joer fir Kanner mat spezifesche Besoinen agesat. Virun allem beim Personal gouf mat 700 neie Poste massiv opgestockt. Dat virun allem fir d’Kanner och am reguläre Schoulsystem kënnen ze betreien.

Wat awer Kanner ugeet, déi ënnerschiddlech Problemer hunn, wier et heiansdo schwéier festzeleeën, wéi ee Kompetenzzenter zoustänneg ass, bedauert den Direkter vum Zenter fir Logopedie, de Marc Schmidt. All Kompetenzzenter ass nämlech fir eng spezifesch Zilgrupp zoustänneg. Bei der Logopedie sinn zanter dësem Schouljoer awer och Kanner scolariséiert, déi net just mat der Sprooch Schwieregkeeten hunn. Ma esou eng Prise en Charge sollt méi systematesch kënne gemaach ginn.