
Am leschten Tripartite-Accord gouf festgehalen, dass d’Stéit steierlech entlaascht solle ginn. Dat esouwuel iwwer e Konjunktur-Steierkredit ewéi och doduerch, dass d’Steiertabell ëm zwou Indextranchen un d’Inflatioun ugepasst gëtt.
De Finanzministère huet elo en Dokument publizéiert an deem ee gesäit, wéi vill Steieren een duerch dës Mesurë spuere kann.
Esou spuert eng elengerzéiend Persoun mat engem Brutto-Joresakommes vu 50.000 € zum Beispill duerch de Steierkredit, dee réckwierkend op den 1. Januar gëllt, dëst Joer 450 € an d’nächst Joer duerch d’Upassung vun der Steiertabell 755 €.
