E Sonndeg den Owend ass et um Findel bei der Landung vun engem Cargolux-Fliger zu engem Tëschefall komm.

De Fliger huet een Deel vum Train verluer, also d'Fuergestell mat de Pneuen drun. Op Fotoen ass ze gesinn, datt Deeler vum Fliger nieft der Pist um Findel leien. Beim Tëschefall ass keng Persoun blesséiert ginn.

Op Twitter huet Luxairport matgedeelt, datt d'Landepist kuerz virun 1 Auer um Méindegmoien nees opgoung. An och d'Fluchverbindungen nees kënnen opgeholl ginn. Et geet een dovun aus, datt vum Méindegmoien un och de Fluchverkéier nees normal opgeholl gëtt.

D'Spriecherin vu Luxairport huet RTL confirméiert, datt nach eng Maschinn Richtung Toulouse konnt starten an et verschidden Ausname fir Volle gouf, fir nach no Hallefnuecht ze landen.

Am RTL-Interview sot den Alexander Flassak, CEO vu Luxairport um Méindeg de Moien, dass d'Pist iwwer Nuecht gefléckt gouf, an de Fluchbetrib eo nees normal géif ofgewéckelt ginn.

De kompletten Interview mam Generaldirekter vu Lux-Airport

Wat war geschitt?

Op de sozialen Netzwierker si Videoen ze gesinn, déi d'Noutlandung vum Fliger vun der Cargolux weisen.

Incident um Findel
....

An engem Schreiwes huet d'Cargolux e Sonndeg den Owend matgedeelt, datt kuerz virun 19 Auer de concernéierte Fliger nom Start den Train net konnt erafueren. Doduerch hunn d'Pilote Kerosin ofgelooss, fir duerno nees um Findel iwwert eng sécher Noutlandung ze landen.

RTL-Informatiounen no gouf nëmme fir 10 bis 15 Minutte Kerosin ofgelooss.

Wéi et um Internetsite vu Luxairport heescht, misst d'Pist no der sécherer Noutlandung op Stécker a méiglech Beschiedegungen ënnersicht ginn. Dofir war d'Landepist nach bis no Hallefnuecht zou.

De Fluchhafen ass déi ganz Nuecht opbliwwen, fir méiglecherweis nach Fligeren eran an eraus ze kréien.

Den accidentéierte Fliger ass mëttlerweil ofgeschleeft ginn.

Wéinst dem Tëschefall goufen am Laf vum Sonndeg den Owend eng ganz Partie Flich annuléiert. Anerer sinn op aner Fluchhäfen deviéiert ginn.
3 Luxair-Maschinne si beispillsweis op Léck deviéiert ginn. Et sinn dat de Vol vun Hamburg, vun Oslo a vu Mailand. Aner Vollen hunn awer och misse komplett annuléiert ginn.