
Setzt d'Regierung mat hirem Budget fir 2027 an och fir d'Zäit dono déi richteg Akzenter oder net? Mat där Fro huet sech d'Chambre des Salariés och dëst Joer nees beschäftegt. D'Äntwert fält zwar net eendeiteg aus, mee et gëtt awer eng kloer Tendenz.
Et wier zwar net alles schlecht, mee um Enn kéint een awer just vun enger duerchschnëttlecher Leeschtung schwätzen an a verschiddene Beräicher gëtt d'CSL dem Budgetsentworf vun der CSV-DP-Regierung fir dat nächst Joer esouguer eng Datz. Zum Beispill am Beräich vun der sozialer Gerechtegkeet. Am direkte Verglach géingen d'Privatpersoune vis-à-vis vun de Betriber ze schlecht ewechkommen. Dat wier awer och net nei.
Bei der Révision des comptes hätt sech erausgestallt, datt de Wuesstem an de Joren 2024 an 2025 dräi Milliarden Euro méi héich ausgefall wier wéi virausgesot, dem CSL-Direkter Sylvain Hoffmann no wier d'Verdeelung allerdéngs problematesch, well:
"Iwwer véier Milliarde méi Gewënner gemaach gi sinn a bei de Remuneratioune vun de Salariéeë si mer op 1,3 Milliarde manner wéi geduecht. Dat heescht, dee Wuesstem, deen do méi stattfonnt huet wéi geduecht, ass a sech net gutt verdeelt ginn. Wat dozou féiert, datt, wann ee vun 2019 u kuckt, also virum Ufank vun deene sëllege Krisen, déi mer lo haten, datt u sech den Excédant brut d'exploitation, also d'Gewënner vun den Entreprisen, ëm 53 Prozent geklomme sinn an d'Masse salariale just ëm 43 Prozent."
Fir d'Verhandele vu Kollektivverträg géing dat bedeiten, datt duerchaus Margen do sinn, woubäi et staark op de Secteur ukomme géing. Virop d'Banken hätten extreem héich Gewënner gemaach, dat zu engem gudden Deel wéinst den Zënsmargen, déi vun deene Leit bezuelt géinge ginn, déi ee Prêt hunn.
Wat d'Staatsverscholdung ugeet, wier déi fir Lëtzebuerger Verhältnisser zwar héich, awer nach ze vertrieden. Fir 2027 läit déi bei 29,36 Milliarden Euro, wat 29,2 Prozent vum PIB entsprécht. Bis 2030 soll d'Schold zwar op 33,7 Milliarden Euro an d'Luucht goen, mee well dat dee Moment "just" nach 28,6 Prozent vum PIB ausmaache géing, kéint een trotzdeem vun enger positiver Entwécklung schwätzen.
"Well et ass jo awer ëmmer wichteg, wann een eng Schold huet, wat een och als Revenu huet. Dat ass jo och bei engem Menage sou, wann ech eng Schold hu vun 100.000 Euro an ech verdéngen 200.000 Euro d'Joer, dann ass dat jo net sou schlëmm wéi wann ech eng Schold vun 100.000 Euro hunn an ech verdénge just 30.000 Euro. An dofir ass dat effektiv och ze kucke par Rapport zu engem PIB, wat jo en fin de compte de revenu ass, deen ee Land generéiert."
Mat Bléck op d'Steierreform begréisst d'CSL zwar, datt de Barème an Zukunft automatesch un d'Inflatioun ugepasst wäert ginn, mee et stéiert ee sech un der konkreter Ëmsetzung.
"Dee Mechanismus, deen do virgesinn ass, ass e bëssi eng Mogelpackung, well dat bréngt mat sech, datt dono wärend véier bis fënnef Joer keng Adaptatioun vum Barème un d'Inflatioun wäert kommen. Wat dozou wäert féieren, datt do massiv Steierrecetten erakomme wäerten iwwert d'Lounsteier, wann do net eppes anescht gemaach gëtt. Deen Desequiliber wäert do also warscheinlech sou weidergoen."
Bei der Salariatskammer hätt een et léiwer gesinn, wann de Barème bei all eenzeler Indextranche ugepasst géing ginn. Bei Entrevuen am Virfeld vun der Steierreform hätt een e puer Modeller vun enger automatescher Upassung presentéiert kritt, an um Enn wier déi schlechtst zeréckbehale ginn.
D'Presidentin vun der Chambre des Salariés Nora Back huet da kritiséiert, datt d'Investitiounen an d'Beräicher Logement an Ekologie vill ze niddreg wieren.
"An dat wollt ech einfach eng Kéier ervirhiewen, datt dat do fir eis een No Go ass, datt mer do vill méi ee groussen an durabelen Effort gebraucht hätten, fir eis Zukunft ofzesécheren. Grad an Zäiten, wou mer aus multipel Krisen erauskommen an nach ëmmer a Krisen dra sinn. An et ass och net een Argument fir eis, fir ze soen, datt déi massiv Investissementer, déi mer an d'Defense musse maachen, elo dozou féieren, datt den Invest muss kompriméiert ginn op deenen anere kollektive Prioritéiten, déi eis an eis Zukunft betreffen."
Hei hätt sech d'CSL méi erwaart.