"Guichet.lu on tour"En digitale Guichet, fir de Leit méi no ze sinn

Anne Wolff
Claudia Kollwelter
"Guichet.lu on tour" heescht den neie Bus, deen e Mëttwoch der Digitaliséierungsministesch presentéiert gouf. Vun nächster Woch u wäert den 18 Meter laange Bus queesch duerch d'Land fueren, an deem d'Leit all dat fannen, wat och am physesche Guichet an der Stad ugebuede gëtt.
Guichet.lu on tour
"Guichet.lu on tour" heescht den neie Bus, deen e Mëttwoch der Digitaliséierungsministesch presentéiert gouf.

"Guichet.lu on tour" heescht den neie Bus, deen e Mëttwoch der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin presentéiert gouf. Vun nächster Woch u wäert den 18 Meter laange Bus queesch duerch d'Land fueren, an deem d'Leit all dat fannen, wat och am physesche Guichet an der Stad ugebuede gëtt.

D'nämmlecht wéi am Guichet gëtt et och am Bus eng Receptioun, et hëlt ee sech en Ticket, an da kann ee vun engem Agent gehollef kréien. D'Stéphanie Obertin:

"Engersäits kënne si eng Carte d'identité maachen, si kënnen hire Fürerschäin erneieren. Si kënne sech hëllefe loosse vun engem Agent, an deenen Demarchen, déi um Guichet.lu ugebuede ginn. Si kënne sech och hëllefe loossen, hiren Espace privé opzemaachen a si hunn och hei d'Méiglechkeet, op e Computer kënnen zréckzegräifen an op eng Imprimante."

E Rendez-vous brauch een net. De Bus wäert an all Eck vum Land stoen, all Kéiers eng Woch laang, an ass vu méindes bis freides vun 10 bis 17 Auer fir jiddereen op. Éischte Stopp ass den 30. November zu Féiz. De Planning ass och scho bis zum Schluss vum Joer gemaach a wäert no a no fir d’nächst Joer um Site vum Guichet.lu ze fanne sinn.

De Projet ass e Resultat vun enger breeder Consultatioun bei de Bierger, huet d’Ministesch erkläert:

"Engersäits ass gesi ginn, datt am Fong de Besoin, wéi oft een op esou e physesche Guichet zréckgräife géif, net extreem héich, also ongeféier véier Mol d'Joer. Et war och de Wonsch, datt et op Plaze soll sinn, wou d’Leit hir Aktivitéiten hunn am Dag, zum Beispill an de Supermarché oder bei der Gemeng. A si wollte virun allem och eng Persoun hunn, déi hinnen hëlleft an deene Froen, déi si hunn an den digitalen Demarchen."

De Guichet an der Stad plënnert iwwerdeems an d'Avenue de la Gare op d’Nummer 33 an en neit a méi grousst Gebai a wäert vum 14. Dezember un do voll operationell sinn. 180 Persounen notzen de physesche Guichet all Dag. Mam neie Bus bitt een eng méi dezentraliséiert Offer un an hofft domat deene Leit, déi manner doheem am Digitale sinn, esou och eng mënschlech Hëllef unzebidden.

Back to Top
CIM LOGO