A béide Gemenge muss net gewielt ginn, well sech net méi Kandidate presentéiert hunn, ewéi Posten do sinn.

Eréischt an zwou Woche gëtt an de Gemenge gewielt. Stadbriedemes op der Musel huet awer elo schonn en neie Buergermeeschter an zwee nei Schäffen, wéi d'Lëtzebuerger Wort haut mellt.

Den aktuelle Schäffe Robi Beissel gëtt neie Buergermeeschter. Mat an den neie Schäfferot kommen de Jean Kox an de Claude Forget. Bis op den neie Gemengepapp huet kee vun deenen aner aacht aus dem Gemengerot eng politesch Erfarung.

Den aktuelle Buergermeeschter Marco Albert an d'CSV-Deputéiert an aktuell Conseillère Octavie Modert hate sech net méi opgestallt.

Buergermeeschtesch vun Noumer gëtt déi 24 Joer al Sophie Diderrich

Och zu Noumer si sech déi siwe Leit, déi am Kader vun de Gemengewalen als gewielt proklaméiert goufen, eens ginn, fir e Schäfferot ze forméieren. Buergermeeschtesch gëtt déi 24 Joer jonk Sophie Diderrich, éischt Schäffin ass d'Ariane Toepfer. Zweete Schäffe gëtt den Nicolas Decker.

An der Gemeng Noumer besteet de Gemengerot aus néng Memberen. Et hate sech awer just siwe Kandidate gemellt. Zwee Poste sinn nach ze besetzen, dofir sinn am Hierscht Komplementarwalen.