Zu Wolz goufe problematesch Musterwalziedele verschéckt

© Privat
Well d'Nimm vu fënnef liberale Kandidaten deels verdeckt waren, goufen nei Convocatioune fir d'Gemengewale verschéckt.
E Sonndeg si Gemengewalen. Och zu Wolz kënnen d'Wieler deen Dag decidéieren, wien d'Geschécker vun der Nordgemeng wärend deenen nächste sechs Joer leede soll. An der Proporzgemeng trieden d'CSV, d'DP an d'LSAP géinteneen un. Virun de Wale gi mat de Convocatiounen och Mustere vun de Stëmmziedele verschéckt, ma déi hunn zu Wolz nawell fir Diskussioune gesuergt.
An zwar virop bei der lokaler DP-Sektioun. Op engem Deel vun deene Musterwalziedelen, déi un d'Stéit verschéckt goufen, ass de Begrëff "SPECIMEN" nämlech sou gedréckt, datt d'Nimm vu fënnef Kandidate vun der eenzeger Oppositiounspartei deels oder quasi ganz verdeckt sinn, wärend d'Nimm vun den CSV- an LSAP-Kandidate kloer ze liese sinn. Dem DP-Kandidat Maurice Muller no hat een direkt ee Verdacht.
"Eise Verdacht war natierlech, datt dat ee politeschen Hannergrond kéint hunn, dat war deen éischte Verdacht, dee mir haten. Well mer och aus Erfarung wëssen, datt d'Gemeng net sou transparent schafft, wéi mir dat wëllen als DP a wéi mir dat och an Zukunft wéilten, hu mer dee Verdacht och begrënnt gehat. Mir wësse jo och aus der Vergaangenheet, datt d'Gemeng jo an de Schlagzeilen an de Medien och war, an datt do och net ëmmer déi néideg Transparenz geschaaft gouf."
Aus dem Inneministère heescht et iwwerdeems op Nofro hin, datt d'Gemenge responsabel fir d'Printe vu Walziedelen a Specimen sinn, a si sech d'Dréckerei fräi eraussichen dierfen. De Wëlzer LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt huet eis schrëftlech Froen un de President vum Haaptwalbüro zu Wolz weiderginn. Dëse confirméiert, datt op verschiddene Musterwalziedelen d'Nimm vun enger Partie DP-Kandidaten deels verdeckt waren. Et wiere knapp 3.800 Convocatioune geprint a verschéckt ginn. Wéinst där héijer Zuel wiere se vu méi Computeren aus gedréckt ginn. Een Deel vun de Musterwalziedele gouf allerdéngs iertemlech vun engem falsche Fichier aus geprint, wouriwwer d'Gemeng den 1. Juni informéiert gouf. Doropshin hätt een direkt een neie Specimen ausgeschafft, op deem de Schrëftzuch net méi iwwert den Nimm vun de Kandidate steet. Dëse gouf e Freideg (02. Juni) per Post un all d'Wieler erausgeschéckt a misst spéitstens (de 6. Juni) an all Boîte ukomm sinn. Et ass donieft d'Prezisioun, datt de Schäfferot aus Grënn vun der Onparteilechkeet net an d'Virbereedung vun de Walen involvéiert ass an een ausschléisse kéint, datt eng politesch Motivatioun hannert dem Layout vum Specimen stécht. Bei der DP gëtt ee sech mat där Erklärung dann och zefridden.
De Convocatiounsziedel gëtt iwwregens iwwert de Programm GESCOM vum interkommunalen Informatiksyndikat SIGI generéiert an zesumme mat den Instruktioune fir de Wieler an dem Specimen vu Walziedel vun der Verwaltung geprint a verschéckt. Déi offiziell Walziedele gi vun enger Dréckerei geprint.
Wat deen urspréngleche Specimen vu Wolz ugeet, bezeechent den Inneministère dësen als "onglécklech", well nëmmen d'DP vum Schrëftzuch betraff gewiescht wier. Déi nei Versioun wier do däitlech besser: