Diskussioun iwwert d'Accueil-Strukturen néideg

© RTL Archivbild
ONA steet fir d'Accueil-Strukture fir Flüchtlingen an Asyldemandeuren. Nach virun der Summervakanz dierft ee Finanzementsgesetz an de Chamberplenum kommen.
Dat Gesetz ass néideg, well et sech bis 2027, op relativ laang Siicht also, op iwwer 190 Milliounen Euro beim Gardiennage chiffréiert. Op deem Punkt ass ee sech um Krautmaart queesch duerch d'Bänken eens. Et gëtt awer ee b-Moll.
De Krich an der Ukrain huet gewise wéi séier et ka goen. Ongeféier d'Hallschent vun de bal 5.000 Ukrainer, déi aktuell zu Lëtzebuerg liewen, hu rapid missen a Strukture vum Staat ënnerbruecht ginn. De Staat huet um Beispill vu Crèchen, Foyeren oder Kannerhaiser och an der Vergaangenheet scho ganz dacks bei sozialen an edukative Missiounen, wéi bei Flüchtlingen an Asyldemandeuren, op Organisatioune wéi Croix-rouge oder nach Caritas zeréckgegraff. Dat nennt sech d'Subsidiaritéit.
Beim Gardiennage si privat Firmen agesprongen. Antëscht hu mir wäit iwwer 730 där Gardiene beim ONA am Asaz.
Bei der CSV huet een den Androck, dass duerch ze vill Acteuren, besonnesch an der Struktur um Kierchbierg déi lenks Hand net méi weess, wat déi Riets mécht, seet de Claude Wiseler.
"Ech hunn hei d'Impressioun, dass den Haaptproblem deen ass, dass an deem Haus net eng Gestioun eleng gemaach gëtt, mä dass eng ganz Rei Prestatairë verschidden Typpe vu Gestioune maachen an dass déi Leeschtungen net openeen ofgestëmmt sinn. Dat schéngt mir hei de Problem."
Déi Friktiounen tëscht de verschiddene Gestioune géife riskéieren op Käschte vun de sozialen, edukativen a psychologeschen Aspekter ze goen. Et hätt een och dacks den Androck, dass dat Mënschlecht deem Administrative Plaz gemaach huet.
Ee weidere Kritikpunkt betrëfft d'Gréisst vun de Gebaier beim ONA. Beispill de Primo-Accueil um Kierchbierg. An esou Gebaier ass d'Gestioun schwéier ze maachen, mä et seet ee sech bei der Oppositioun och bewosst, dass esou grouss Strukture meeschtens aus den Nout eraus entstane sinn.
"Nieft dem finanziellen Aspekt, wou et fir eis kloer ass, dass e muss ofgewéckelt ginn, dass en deier kascht an dass een dofir och ee Gesetz brauch fir et legal richteg ze maachen, steet awer eng ganz Diskussioun iwwert d'Gestioun vun deene Strukturen op. An déi muss seriö fir d'Zukunft gefouert ginn."
Beim Finanzementsgesetz ass den Text fäerdeg, den Avis vu Staatsrot ass och do, sou dass dee Projet mat der allgemenger Diskussioun iwwert d'Accueil-Strukturen nach virun der Summerpaus am Chamberplenum dierft sinn.