Mir hu bei véier Fraen nogefrot, déi Gemengemamm sinn oder waren, wéi si hir Funktioun erlieft hunn.

An de Schäfferéit an an de Gemengeréit sinn d'Frae schonn ëmmer massiv ënnerrepresentéiert gewiescht. An den 102 Lëtzebuerger Gemengen haten iwwert déi lescht sechs Joer grad emol 16 Fraen d’Mandat vun der Buergermeeschtesch.

RTL huet bei véier aktuellen, respektiv fréiere Gemengemammen nogefrot, wéi si hir Funktioun bis dato erlieft hunn. Wat brauch ee fir Buergermeeschtesch ze sinn, wéi eng schéi Momenter bleiwen engem an Erënnerung a wat sinn d’Contrainten, wann een als Fra sou en Amt unhëlt?

D’Lydia Mutsch, déi tëscht 2000 an 2013 d’Geschécker vun der Gemeng Esch geleet huet, schwätzt vun engem ganz schéinen an dankbare Beruff. Et wier eng Éier fir si gewiescht a si wier beispillsweis ëmmer ganz gär Veräiner besiche gaangen. Jonke Politikerinne gëtt si mat op de Wee, net ze vill Commentairen a (soziale) Medien ze liesen oder se op d’mannst net u sech erunzeloossen.

D’Christiane Brassel-Rausch huet 2019 onerwaart d’Successioun vum Roberto Traversini zu Déifferdeng iwwerholl. Fir si war et wichteg, grad als éischt Fra op deem Posten an hirer Gemeng Verantwortung z’iwwerhuelen. Et wier allerdéngs immens zäitintensiv an et misst ee sech bewosst sinn, wat fir en Impakt dat op d’Familljeliewen hätt.

Der Monique Smit-Thijs vu Bartreng no sollt d’Fro, wat eng Fra vläicht besser kéint, keng Roll spillen. Ob Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch, allebéid misste gewësse Kompetenze mat sech bréngen. Et sollt een als Fra awer, wann ee motivéiert wier op lokalem Niveau matzeschaffen, net fäerten.

Dat seet och d’Natalie Silva, déi zënter 2017 Buergermeeschtesch an der Fiels ass. Si géif ëmmer nees Dammen encouragéieren, sech an der lokaler Politik z’engagéieren. Et wier ee jo mol fir d’éischt Kandidatin a wann ee gewielt géif, wier dat jo och mol begrenzt op 6 Joer. Si ass iwwerzeegt, dass Frae grad sou gutt eng Gemeng kënne leede, wéi Männer. Si hätt wéinst hirem Geschlecht an hirem Amt och ni Steng an der Wee geluecht kritt.