D'Police mellt aus de leschten Deeg e puer "Schocktelefonater", bei deenen Onéierlecher wëllen u Sue kommen.

Den Oflaf ass ëmmer ganz änlech. D'Affer ginn ugeruff an op der anerer Säit vun der Leitung gëtt sech eng Persoun als Polizist, Vertrieder vum Parquet oder eng Persoun aus der Famill aus. E Familljemember wier an en Accident verwéckelt an dat presuméiert Affer vu Bedruch misst eng Kautioun hannerleeën. Just esou kéint de Familljemember erëm fräikommen.

Déi Onéierlech maachen esou Drock op d'Affer, bis datt dës sech bereeterklären, fir Suen a Bijouen ofzeginn. Dës "Kautioun" kommen déi Onéierlech da bei d'Affer heem sichen, respektiv loosse si sech se op eng Plaz bréngen.

D'Police rappelléiert, datt et esou e System vun enger Kautioun virleeën zu Lëtzebuerg net gëtt. Weider géifen d'Beamte vun der Police oder anere Lëtzebuerger Autoritéiten d'Bierger ni iwwer Telefon opfuerderen, fir Suen oder Wäertgéigestänn ofzeginn.

Ee rezente Fall war dem Personal vun enger Bank opgefall, well eng eeler Fra eng gréisser Zomm Boergeld ophiewe wollt. Si hatt dunn erkläert, datt si d'Sue bräicht, fir eng fënnefstelleg Kautioun ze hannerleeën. Dat potentiellt Affer gouf dunn opgekläert, datt et sech ëm e Bedruch handelt an d'Iwwergab gouf verhënnert.

Beispiller vu Schockuriff vun der Police vu München

Tipps vun der Police

Es gibt einfache Maßnahmen, um zu verhindern, dass Sie auf einen solchen Betrug hereinfallen:

  • Vermeiden Sie, dass zu viele persönliche Details für Dritte zugänglich sind.
  • Lassen Sie ihren Vornamen im Telefonbuch von Ihrem Telefonanbieter kürzen oder lassen Sie diesen ganz weg. Dies erschwert es den Telefonbetrügern Sie ausfindig zu machen.
  • Fragen Sie nach seiner Telefonnummer und überprüfen Sie diese.
  • Im Zweifelsfall legen Sie auf.
  • Entscheiden Sie nichts spontan.
  • Geben Sie keine Informationen bezüglich Ihres Vermögens an.
  • Wenn Sie einen solchen Anruf erhalten oder erhalten haben, bitten wir Sie, sofort die Polizei zu benachrichtigen und unter keinen Umständen auf die Forderungen der Täter einzugehen.
  • Wir möchten Sie außerdem daran erinnern, dass die luxemburgischen Polizisten immer Luxemburgisch sprechen.
  • Sollten Sie Zweifel an der Glaubwürdigkeit einer Person haben, die sich als Polizist ausgibt, zögern Sie nicht, sich mit einer Polizeidienststelle in Verbindung zu setzen.
  • Wenn Sie Opfer eines solchen Betrugs geworden sind, wenden Sie sich umgehend an eine Polizeidienststelle und erstatten Sie Anzeige.

Wir bitten darüber hinaus darum, vor allem Ihre älteren Mitmenschen in Ihrem Umfeld hinsichtlich dieser Betrugsmasche zu informieren und aufzuklären.