Barbara Agostino réckelt fir Max Hahn an der Chamber no

Nodeems den DP-Süddeputéierten Hahn d'Successioun vun der Corinne Cahen am Familljeministère iwwerhëlt, wäert d'Barbara Agostino an der Chamber noréckelen.
Op Nofro confirméiert déi Siwentgewielten op der liberaler Südlëscht RTL géigeniwwer, datt si de 27. Juni wäert an der Chamber vereedegt ginn.
Bei de Gemengewalen e Sonndeg ass déi 40 Joer al Geschäftsfra zu Péiteng an de Gemengerot gewielt ginn, als éischt op der Lëscht vun der DP, déi do zwee Sëtz krut.
Ech si ganz frou. Ech war 2018 éischtgewielte Fra. Datt elo eng Fra fir de Süde rarutscht fir d'Partei, bedeit och ganz vill fir d'Péitenger Gemeng. Dowéinst sinn ech frou, datt dat nach geschitt ass.
E Portrait iwwer d'Barbara Agostino gëtt et en Donneschdeg den Owend am Journal op der Tëlee.