De Max Hahn gëtt neie Familljeminister
En Dënschdeg den Owend huet d'Familljeministesch an engem emotionale Moment der Regierung de Réck gedréint.
Si iwwerhëlt jo nei Responsabilitéiten an der Gemengepolitik. En Dënschdeg den Owend huet d'DP dann och hir Successioun annoncéiert, dat a Persoun vum Max Hahn. Den 42 Joer alen Deputéierten aus dem Süden ass zanter 2013 an der Chamber.
RTL-NEWS: Portrait vum neie Familljeminister Max Hahn
En Donneschdeg de Mëtteg ass de Rendez-vous am Palais beim Grand-Duc fir d'Assermentatioun.
De Max Hahn war President vun der Familljekommissioun, d'Decisioun louch no, dass hien d'Nofolleg am Familljeministère untrëtt. D'Entscheedung ass him awer net liicht gefall, sou de Xavier Bettel. De Max Hahn hat sech en Dag Bedenkzäit gefrot.
No 18 Joer Gemengepolitik, dovun 12 Joer als Schäffen, ass esou eng Nouvelle e Schock fir hie gewiescht, sou de Max Hahn. Mat senger Dippecher Delegatioun ze schwätzen, war him deemno enorm wichteg, ier hie seng Decisioun geholl huet. Och mat senger Fra huet hien dëst ofgeschwat a gouf vu béide Säiten encouragéiert.
Säin Zil "e bessert Zesummeliewen", dat hien am Budgetsrapport d'lescht Joer ervirgestrach hat, wier och ee vun den Haaptpunkten a senger neier Aufgab. Hien ass sech ganz bewosst, dass um Enn vun enger Legislaturperiod e Minister net méi laang um Rudder ass. Ma dëst Zäit wéilt hie sou gutt et geet notzen.
Mam neie Posten an der Regierung gëtt dem Max Hahn säi Sëtz an der Chamber fräi. Dëse kéint un déi Nächstgewielt op der DP-Lëscht aus dem Süden Barbara Agostino goen. Offiziell annoncéiert gouf dëst awer nach net.
An der Gemeng Dippech, wou de Max Hahn Zweetgewielten am Totalen an Éischtgewielten op der Lëscht vun der DP gouf, réckelt d'Carla Carvalho no.
Schreiwes vum Gouvernement
Remaniement gouvernemental (15.06.2023)
Communiqué par : Service information et presse du gouvernement (SIP) Le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, informe qu'aujourd'hui, le 15 juin 2023, S.A.R. le Grand-Duc a donné démission honorable, sur sa propre demande, à Corinne Cahen, ministre de la Famille et de l'Intégration, ministre à la Grande Région.
Max Hahn a été assermenté en tant que nouveau membre du gouvernement. Il a été nommé ministre de la Famille et de l'Intégration, ministre à la Grande Région.