D'Foire Agricole war dëse Weekend an den Däichwisen zu Ettelbréck an an digitaler Form op RTL.lu.

Déi 40. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck war nees a gewinnter Form. Bal 45.700 Visiteure goufe gezielt an et hunn eng 313 Exposanten an Organisatiounen aus der Landwirtschaft matgemaach. Och eng a 500 Déiere waren derbäi.

Déi landwirtschaftlech Foire an den Däichwisen ass ëmmer méi  eng Konsumente-Foire, wou en intensiven Austausch mam Verbraucher an der Gesellschaft leeft. Dat géif och d’Unerkennung vun de landwirtschaftleche Beruffer an der Gesellschaft stäerken, schreiwen d’Organisateuren.

D'Editioun 2023 stoung ënnert dem Motto "Sou schmaacht Lëtzebuerg". Komplementar zum Site an den Däichwisen konnt een dat Ganzt och nees digital suivéieren op RTL.lu an fae.lu.

D'Foire Agricole am Replay

Freideg, den 30. Juni

Samschdeg, den 1. Juli

Sonndeg, den 2. Juli

Fotoe vun der Foire Agricole zu Ettelbréck 2023