"Victoria vum Berdorfer Eck", "Klein" a "Koeppchen" heeschen d'Gewënner

© RTL
Mir hunn nees gefrot, dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een eng gutt Bouchée à la Reine iesse kann.
Fir direkt mat der Dier an d'Haus ze falen: Nee, d'Bouchée ass keng original Lëtzebuerger Erfindung, ma kënnt, wéi et den Numm séier verréit, aus dem schéine Frankräich. An dach ass dem Lëtzebuerger seng Bouchée awer un d'Häerz gewuess. Verschidde Plate packen et einfach un d'Spëtzt vun der Beléiftheetsskala bei engem Gros vun de Leit, d'Bouchée à la Reine ass genee esou eng Spezialitéit. Et ass quasi eng kulinaresch Ikon, déi zu Lëtzebuerg net nëmmen op de Menüskaarten an de Restauranten a Bistroen ze fannen ass, mee selbstverständlech och an de Kiche vun de Familljen, op groussen oder klenge Fester, sou wéi och dacks an der Kantin.
Fir vill Leit ass d'Bouchée a la Reine méi wéi e Bliederdeeg-Biscuit gefëllt mat Poulet, Champignonen an Zooss... och wann dat eleng schonn duer géif goen. Ma se ass och fir vill Leit eng Erënnerung un d’Kandheet, un d’Groussmamm, un d’Gemittlechkeet an d'Zesummesi mat der Famill a Frënn. An domat och zu Recht e wichtegen Deel vun eiser nationaler Iesskultur.
D’Wuerzele vun dësem Plat leie scho wäit zeréck: am 18. Joerhonnert, an der kinneklecher Cour zu Versailles a Frankräich. D’Marie Leszczynska, d’Fra vum Louis XV, soll dem Kach Nicolas Stohrer d’Inspiratioun ginn hunn, fir eng Paschtéit ze kreéieren, déi d’Kombinatioun vu Raffiness an engem komfortabele Plat perfekt vereent. Ursprénglech als Puits d’Amour konzipéiert, huet sech d’Rezept mat der Zäit entwéckelt: eng knuspreg Bliederdeeg-Croûte, gefëllt mat Poulet, Champignonen, Quenellen, Trüffelen oder Ris de veau – alles an enger cremeger Zooss, déi bei ville Leit d’Häerz méi séier schloe léisst.
Zu Lëtzebuerg huet d’Bouchée à la Reine eng ganz eegen Traditioun entwéckelt. Ob an der Brasserie, am Bistro oder bei der Famill doheem – si gëllt als Klassiker, dee jidderee kennt a bal jiddereen och gären huet. Vill Restauranten hu mat der Zäit hir eege Versioun entwéckelt: mat regionalen Ingredienten, mat engem modernen Twist oder ebe ganz traditionell, wéi se scho viru Generatioune gemaach gouf. Hei ass et och wéi sou dacks: praktesch jiddereen huet seng eege Virstellung vun dëser Paschtéit a wéi ee se am beschten zoubereet.
Mir hunn iech gefrot, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg eng Bouchée à la Reine ze iessen!
*All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.800 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.
Readers' Choice Top 10: Bescht Bouchée à la Reine zu Lëtzebuerg
Plaz 1: Restaurant Victoria vum Berdorfer Eck
Ouverture: 1. Abrëll 2023
Adresse: 53 Rue d'Echternach, 6550 Berdorf
Kontakt: 26 78 42 99
De Secret vun enger gudder Bouchée: D'Röst-Arome vun de Champignonen
Wéi fir vill Leit, ass och fir de Christophe Prosperi, de Patron vum "Victoria vum Berdorfer Eck", d'Bouchée à la Reine en typesch "Lëtzebuerger Plat", och wann en natierlech net aus Lëtzebuerg staamt, mä seng Wuerzelen, wéi den Numm et scho verréit, a Frankräich huet. Et ass dee Plat, deen een einfach vu Jonkem u kennt, dacks gemittlech Sonndes bei der Bom oder der Mamm doheem um Iessdësch. Sonndes ass dann och deen Dag, op deem am Victoria déi meescht Bouchées-Bestellunge vun de Clientë gemaach ginn - eppes, dat de Patron op eng nostalgesch Aart a Weis "schéin" fënnt. Déi meescht Leit, déi an de Restaurant iesse ginn, sinn iwwregens zu engem groussen Deel Lëtzebuerger, déi d'Iesse vu Klengem un iessen an dohier dacks staark Erënnerungen domadder hunn.
Eng Partie Platen, besonnesch d'Bouchée à la Reine, sinn am Victoria "klassesch gehalen an dat och gewollt, ouni vill 'Chi Chi'", sou de Christophe weider. Aner Platen, wéi de Cordon Bleu oder Degustatiouns-Menüe wieren do nach méi gehuewen. Bei der Bouchée huet hien awer wéi gesot decidéiert, se gewinnt a klassesch ze halen.
Ganz wichteg bei enger Bouchée si fir de Kach ganz kloer d'Champignonen, och wann hie weess, dass et Leit ginn, déi déi natierlech net sou gär hunn a se och mol ouni bestallt gëtt. Mä, an do ass de Christophe Prosperi ganz kloer: "Eng Bouchée à la Reine ouni Champignonen, ass keng Bouchée à la Reine". De Champignon ass nämlech voll mat Glutamin-Saier, a gëtt dem Plat den "Umami"-Goût, deen einfach wichteg wier, fir der Bouchée hiren Touch ze ginn. Fir dëse Goût erauszekëddelen, ginn d'Champignonen am Victoria laang gebroden, dat a grousser Quantitéit am Schäffchen, wou se richteg donkel ginn. "Dës 'Röst-Arome' ginn der Bouchée dann hire 'finale Geschmack'", betount de Christophe Prosperi. D'Britt vum Poulet, déi natierlech och wichteg ass, ronnt de ganze Plat da sënnvoll of a mécht de Plat zu deem, wat en ass, a firwat d'Clientë sou gär bei hie kommen.
2015 huet iwwregens eng Architekte-Firma d'Gebai zu Bäerdref iwwerholl a komplett nei renovéiert. Iwwregens e ganz historescht Gebai - ënnert anerem gouf d'Gebai am Zweete Weltkrich zerbommt, dono nees opgebaut, et gouf en Hotel draus, dono e Supermarché... Iergendwann dunn, Enn 2022, koum de Christophe Prosperi an d'Spill an huet sech decidéiert e Restaurant draus ze maachen. Nom "Siegfried", deen de jonke Patron scho fréi um Lampertsbierg hat, soll säi Restaurant dës Kéier eng "Fra" sinn an huet en "Victoria" genannt.
Gratulatioun dem Patron an senger "Victoria" (hei passt den Numm jo dann méi wéi genee) fir déi éischte Plaz an eisem Ranking! Wien Loscht huet op eng richteg gutt Bouchée hei am Land, kënnt wuel net laanscht de Berdorfer Eck.
Plaz 2: Restaurant Klein
Ouverture vum Restaurant: 2012
Adress: 10 Letzebuergerstrooss, 5752 Fréiseng
Kontakt: 23 66 84 06
De Secret vun enger gudder Bouchée: E gudden a selwer-gemaachte Fong / Beurre manié
Zënter 13 Joer gëtt et de Restaurant Klein elo schonn an där Form um Eck vun der Lëtzebuerger Strooss zu Fréiseng. Et mierkt een direkt, wann ee mam Chef a Kach Alain Magini schwätzt, dass vill Passioun an Häerzblutt a sengem Restaurant stécht. Wéi mir hien a seng Fra ëm d'Mëttesstonn besiche gaange sinn, waren d'Dëscher all besat, u Clientë feelt et dem Restaurant Klein definitiv net, och net matten an der Woch. E Grond dofir dierft ganz kloer dem Alain Magini seng Bouchée sinn. Iwwer d'Hallschent vun de Leit, déi bei hien op Fréiseng iesse koumen, haten d'Bouchée à la Reine bestallt.
D'Bouchée ass eppes fir de Kach vum Restaurant Klein, dat kloer selwer per Hand muss gemaach ginn, soss bräicht ee guer net unzefänken. Heizou gehéiert e selwer-gemaachte Fong, deen aus Schanken a Fleesch vun engem gudde Poulet gemaach gëtt, dat a Kombinatioun mat Beurre manié, also engem Miel-Botter, dee fir déi beléifte wäiss Zooss suergt. Frësch Champignone wieren natierlech och e Muss an och onëmgänglech, fir de Plat ronn ze maachen.
Seng Clienten, vill Lëtzebuerger gëtt hien zou, déi de Plat natierlech aus de Kandheet kennen a gewinnt sinn, sinn dankbar fir dem Alain Magini seng Bouchée, déi et op déi exzellent zweet Plaz gepackt huet an eisem Ranking. Fir hien ass dëse Plat en absolutte Klassiker, en traditionell Lëtzebuerger Plat, dee wuel och ëmmer wäert feste Bestanddeel op senger Kaart bleiwen.
Plaz 3: Bistro-Brasserie Koeppchen
Ouverture vum Restaurant: 1907 (2014 nei iwwerholl)
Adress: 9 Berreggaass, 5485 Wormeldange-Haut Wormeldingen
Kontakt: 76 00 46
De Secret vun enger gudder Bouchée: Selwer-gemaachte Bouillon / Keng Ram, awer e gudde Schotz Wäin
Och beim Metty Krack, dem Patron vum bekannte "Koeppchen", op der Kopp zu Wuermer, mierkt een, dass dëse Mann mat Leif a Séil bei sengem Beruff an a sengem Restaurant dobäi ass. Wann ee bedenkt, dass et de Familljebetrib elo schonn zënter gläich 120 Joer gëtt, kann ee sech ausmolen, wat fir eng Institutioun dës Brasserie an der Géigend ass. Déi neiste Generatioun vun der Famill huet de Restaurant iwwregens 2014 iwwerholl an natierlech gouf d'Konzept e wéineg ugepasst, ouni awer de Flair vum traditiounsräiche Restaurant ze verléieren.
Jo, d'Bouchée à la Reine ass kee Plat, deen op der Lëtzebuerger Mëscht gewuess ass, dat weess och de Metty Krack, ma et hätt een de Plat awer mëttlerweil "annexéiert". Wat se grad bei hinne sou gutt mécht, wier ganz kloer de Fait, dass se vun A bis Z selwer gemaach ass, eppes op dat praktesch all Restaurant am Ranking, mat deem mir geschwat hunn, mat zwou Hänn géif ënnerschreiwen. E gutt Zoppen-Hong, e gudde Bouillon... dat ass d'Basis, och fir dono eng gutt Zooss ze kréien. En plus hëlt och de Poulet dono de Goût vum Fong op. Ram huet am Plat näischt verluer, dat wier ganz wichteg, de Schotz Wäin vun der Musel dierf awer net feelen.
Och de Metty Krack gëtt zou, dass de Plat iwwerduerchschnëttlech vu Lëtzebuerger bestallt gëtt, och wa vill Leit, déi net gebierteg aus dem Grand-Duché sinn, bei hien an de Restaurant kommen. Dëst wier verständlech, well de Lëtzebuerger d'Bouchée einfach vu Klengem u kennt, sief et vun der Mamm oder der Bom. De Client weess einfach, wéi eng Bouchée "ze schmaachen huet", sou de jonke Patron.
Plaz 4: Brasserie Um Schëff
Adress: 20 Quai de la Moselle, 5553 Remich
Kontakt: 26 37 87 58
Plaz 5: Restaurant Reed
Adress: 25A Bd Royal, 2449 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 691 313 064
Plaz 6: Restaurant Am Kraeltgen
Adress: 3 Peiter Vun Uespelt-Strooss, 5710 Aspelt Frisingen
Kontakt: 26672793
Plaz 7: Restaurant Beim Lentz
Adress: 2 Rue de l'Eau, 1449 Ville-Haute Luxembourg
Kontakt: 26 20 00 28
Plaz 8: Restaurant Lentze Parc
Adress: 212 Rue de Luxembourg, 8077 Helfent Bertrange
Kontakt: 26 38 92 93
Plaz 9: Restaurant De Bräiläffel
Adress: 2 Rue du Moulin, 8380 Kleinbettingen Steinfort
Kontakt: 39 01 98 1
Plaz 10: Restaurant Beim Kohn
Adress: 12 Rue Victor Hugo, 5671 Altwies Mondorf-les-Bains
Kontakt: 23 66 81 03