Kee Krich awer och kee Fridde méi
E Samschdeg war d'Defense- a Mobilitéitsministesch eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
5,5 Milliarden Euro gi bannent den nächste véier Joer an d'Defense gestach. Wouran gëtt des stramm Zomme investéiert, fir datt Lëtzebuerg och wierklech prett ass, wann et heescht, sech an der NATO-Koalitioun un der Ost-Flank ze verdeedegen?
A wéi enger Gefor liewe mer iwwerhaapt aktuell a wéi resilient si mer wierklech, wann et drop ukënnt?
A wéi muss d'Arméi transforméiert ginn, fir och all Riske kënnen ze konfrontéieren?
Deene Froen huet sech d'Defense-Ministesch Yuriko Backes nom NATO-Conseil gestallt.
D'DP-Mobilitéits-Ministesch gouf och gefrot, wéi d'Land aus der Stau-Fal erauskënnt an wéini de neie Fluchhafe Realitéit gëtt.
D'Ministesch am Gespréich
"D'Ukrain muss sech selwer verdeedegen a mir musse si ënnerstëtzen, och mat Bléck op eis eege Sécherheet", dat sot d'Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes als Invitée am Background. Mir wieren zwar net am Krich, mee Russland géing mat de rezenten Dronen-Tëschefäll testen, wéi wäit et vis-à-vis vum Weste goe kann.
Europa misst da méi a seng eege Verdeedegung investéieren. Et kéint net sinn, datt 300 Milliounen Amerikaner fir d'Sécherheet vu 600 Milliounen Europäer suerge mussen. Domadder hätt den US-President Donald Trump Recht, ma och ënnert der viregter US-Regierung hätt et änlech Téin ginn. D'Europäer wiere solidaresch Alliéiert an et géing dorëms goen, duerch eege Stäerkt ofzeschrecken, sou d'Ministesch.
Eleng dëst Joer ënnerstëtzt Lëtzebuerg d'Ukrain mat 120 Milliounen Euro, déi am Budget virgesi sinn. Dobäi kommen nach eng Kéier 15 Milliounen Euro, déi an de sougenannte "Purl-Programm" fléissen.
Wat d'Ënnerstëtzung mat Waffen ugeet, kéime fir Lëtzebuerg e puer Modeller a Fro. Sief et de sougenannten dänesche Modell, bei deem d'Waffeproduktioun an der Ukrain finanzéiert gëtt oder sief et, datt d’Waffen am Westen hiergestallt ginn. Dat hätt de Virdeel, datt déi Produktioun besser viru russeschen Attacke geschützt wier.
Egal wéi géing Lëtzebuerg dorobber oppassen, datt d'Investitiounen och ee positiven Effekt op déi eegen Ekonomie hunn. Ob och Waffen zu Lëtzebuerg selwer produzéiert kéinte ginn, wier amgaange gepréift ze ginn. Dofir muss awer fir d'éischt d'Waffegesetz ugepasst ginn.
Wat d'Bedeelegung un engem Loftofwiersystem ugeet, wier nach net kloer, wéi ee System dat genee wäert sinn a mat wéi enge Partner een do zesummeschaffe wäert. Datt de Grand-Duché sech dorunner bedeelege wäert, géing awer feststoen.
Mat Bléck op d'Zeréckgräifen op agefruere russesch Sue géinge sech nach eng Partie juristesch Froe stellen. Bis et do eng Decisioun wäert ginn, dierft et nach eng Zäitchen daueren.
Déi Lëtzebuerger Arméi soll an deenen nächste Jore massiv wuessen, fir den neien NATO-Uspréch gerecht kënnen ze ginn. D’Zil ass et, eng 650 zousätzlech Leit ze rekrutéieren. Do ginn der Yuriko Backes no nieft Zaldoten och eng Partie Spezialisten, zum Beispill aus de Beräicher IT oder Cybersécherheet, gebraucht.
Fir als Patron méi attraktiv ze ginn, sollen ënnert anerem d’Paien an d'Luucht goen. Et wier och eng Optioun, Leit iwwert d'Grenzen ewech sichen ze goen. Een obligatoresche Militärdéngscht wier zwar keng Optioun, mee eng Reserve, esouwuel op ziviller wéi och militärescher Säit, sollt awer opgebaut ginn. Dat wier awer éischter ee mëttel- wéi ee kuerzfristegt Zil.
D'Bild an de Stellewäert vun der Arméi an der Gesellschaft hätt sech an deene leschte Joren zum positive verännert, dat ënnert anerem och duerch den Asaz vun Zaldoten heiheem, zum Beispill bei Iwwerschwemmungen oder der Wanteraktioun.
Ob den US-President Donald Trump dozou bäidroe kann, de Krich an der Ukrain op een Enn ze bréngen, misst een ofwaarden. D'Decisioun vun den USA, der Ukrain elo mol keng Tomahawk-Rakéiten ze ginn, wollt d'Yuriko Backes net ofschléissend bewäerten. Et wier awer kloer, datt de russesche President Wladimir Putin de Krich net op een Enn brénge wéilt, soss hätt hien dat scho gemaach. An ouni esou Laangstreckerakéite wier et fir d'Ukrain schwéier.
Wat déi Lëtzebuerger Dronenofwier ugeet, misst een tëscht deene verschiddenen Type vun Dronen ënnerscheeden. Bei ganz groussen Drone bräichte mer d'Hëllef vun den Nopeschlänner. D'Neutraliséierung vu klengen Drone géing an de Beräich vun der Police falen.
Wat hire Ministerposten ugeet huet d'Yuriko Backes gemengt, dat wier zwar vill Aarbecht, mee et géing Spaass maachen, konkret Projete kënnen ëmzesetzen.
Mat Bléck op déi lescht Sonndesfro, wou d'Regierungskoalitioun véier Sëtz verléiere géing, all op Käschte vun der CSV, wier dat zwar net flott, mee et wier awer just eng Momentopnam. D'Entente an der Regierung wier flott an et géing ee gutt zesummeschaffen.
D'Yuriko Backes ass och Mobilitéitsministesch, de Budget vum Mobilitéitsministère läit bei 4,5 Milliarden Euro. Hier wier wichteg, datt d'Leit de fräie Choix hunn, op wéi ee Mobilitéitsmoyen si zeréckgräife wëllen.
Wat de séieren Tram vun der Stad an de Süden ugeet, hätt een den Tracet verbessert an et géing ee Wäert dorobber leeën, datt d'Arrête sou komfortabel wéi méiglech sinn. Déi zousätzlech Arrête géingen der Realitéit Rechnung droen an dofir suergen, datt den Tram bei d'Leit an op déi Plaze kënnt, wou d'Leit och hiwëllen. Den initiale Budget vum viregte Mobilitéitsminister François Bausch louch bei 800 bis 900 Milliounen Euro, mat den Upassungen dierft de Präis nach eng Kéier klammen.
Nom Referendum iwwert d'30er-Zonen zu Leideleng, deen negativ ausgefall ass, huet d’Yuriko Backes gemengt, et géing dem Mobilitéitsministère net zoustoen, fir landeswäit Tempo-30er-Zonen anzeféieren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.