
Dat äntwert de Policeminister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Léon Gloden a Laurent Mosar.
Da si 24 Polizisten aktuell an engem Krankeschäin vu méi wéi 6 Wochen. Op enger Pressekonferenz um Donneschdeg huet d’Police d’Zuelen zum aktuellen Effektiv ginn. Op den 1. Juli 2023 hunn 2.467 Polizisten a 674 zivil Mataarbechter bei der Police geschafft.