D'Police huet an de leschte Jore massiv rekrutéiert
Den zoustännege Minister Henri Kox huet en Donneschdeg op enger Pressekonferenz an der Policeschoul um Findel de Bilan vun de leschte Jore gezunn.
"De Rekrutement vun neie Policebeamte war an ass den A an O vun de Reforme vun de leschte Joren an an engems och de gréissten Defi", huet de Policeminister Henri Kox en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz an der Policeschoul betount. Engersäits gouf e Bilan vun de leschte Jore gezunn, anersäits no vir gekuckt, wéi een d’Police an Zukunft weider stäerke wëll.
An de leschte Jore wier massiv rekrutéiert ginn. Zanter 2020 schaffe 780 Persoune méi bei der Police, huet de grénge Minister Henri Kox betount. "Iwwert déi 3 Joer hu mer an der Moyenne 25% Frae gehat, wat fir mech heescht, datt mer am Ganzen an der Gesellschaft kënne rekrutéieren an et e Spigelbild vun der Gesellschaft ass."

© Didier Weber / RTL
Nieft de Rekrutementer wier awer och wichteg ze betounen, datt d'Formatiounen adaptéiert a moderniséiert gi wieren an de Site vun der Policeschoul ausgebaut gouf. Fir den Henri Kox kéint deen Ausbau nach weidergoen. E Schéissstand ass mengen ech hei och eng Méiglechkeet. De Site muss perenniséiert gi fir déi nächst Joer an ech denken, et misst weider investéiert ginn.
Och den Aarbechtsalldag vun de Poliziste wier moderniséiert ginn, huet den Alain Engelhardt vun der Police betount. Dat ganzt mat enger klorer Zilsetzung. D'Mobilitéit an d'Aarbecht eranzekréien, eng besser Kollaboratioun ze hunn, méi grouss Accessibilitéit zu den Donnéeën, déi ee brauch, wann een net um Büro ass, an eng besser Effikassitéit an der Aarbecht notamment, datt een dat, wat een eng Kéier sezéiert huet, iwwerall zur Verfügung huet.
All déi Efforte missten awer weidergefouert ginn. Dofir sollen ënnert anerem fir d'nächst Joer weider 160 Leit rekrutéiert ginn.

© Didier Weber / RTL