Hëllef fir kleng a mëttelgrouss Entreprisë bei hiren Demarchë bei Banken
D'Associatioun vun de Banken a Banquiere lancéiert eng Rei Initiativen, fir klengen a mëttelgroussen Entreprisë bei hiren Demarchë bei Banken ze hëllefen.
Et hätte Schwieregkeete ginn, fir Bankkonte fir Entreprisen opzemaachen, esou den Direkter vun der ABBL, de Jerry Grbic.
Dowéinst hätt een ënnert anerem eng Lëscht mat Kontaktpersounen an de verschiddene Banken opgestallt, bei deene sech déi concernéiert Entreprisë kënne mellen.
Donieft wier eng Broschür ausgeschafft ginn an et géife Formatiounen offréiert ginn, esouwuel fir Banke wéi och fir Entrepreneuren. Och mat der Finanzopsiicht CSSF géif een e konstruktiven Dialog féieren, wéi déi sëllege Reglementatiounen an der Praxis ëmzesetzen sinn.