Tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen
Auto um CR142 iwwerschloen an am Feld gelant

© Domingos Oliveira / RTL
En Dënschdeg de Moie koum et eppes virun 9 Auer zu engem Accident tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen.
De CGDIS mellt, dass zwee Gefierer an d'Accident verwéckelt waren. Op der Héicht vu Buchholz ass e Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm, huet de Gruef ze pake kritt a sech duerno e puer Mol iwwerschloen.
Eng Persoun ass beim Accident verwonnt ginn.

© Domingos Oliveira / RTL
Am meeschte gelies