
D'Police mellt eng weider sexuell Aggressioun zu Beetebuerg. E Mëttwoch krut d'Police géint 21:00 Auer an der Rue Marie-Therese zu Beetebuerg e sexuellen Iwwergrëff op eng mannerjäreg Persoun gemellt. Éischten Erkenntnisser no war d'Affer zu Fouss ënnerwee, wéi se vun enger onbekannter Persoun vun hanne festgehalen an am Intimberäich beréiert gouf. Den Täter ass mat enger elektrescher Trottinette geflücht.
D'Enquête vun der Police leeft.
Schonn d'lescht Woch huet d'Police no Zeie gesicht, well zu Beetebuerg eng 19 Joer al Fra vun engem Onbekannten ugepaakt gouf. Ob et Lien tëscht béide Virfäll gëtt, kann d'Police am Moment net confirméieren.