Spuerkeess, BIL, BGL BNP Paribas, d‘Raiffeisen-Bank, d‘Post an d‘ING hu wëlles, bis 2025 hir Bankomat-Reseauen zesummenzeleeën.

Spuerkeess, BIL, BGL BNP Paribas, d'Raiffeisen, d'Post an d'ING hu wëlles bis 2025 hir Bankomat-Reseauen zesummen ze leeën.

Wéi et an engem gemeinsame Schreiwes vun deene sechs Banken heescht, sollen déi verschidde Geldautomaten optimal iwwert d'Land verdeelt ginn, sou dass se fir jiddereen accessibel wieren.

Déi nei Automate sollen dann och eng Partie zousätzlech Funktioune kréien. Ënner anerem solle Leit mat ageschränkter Mobilitéit oder Persounen, déi schlecht gesinn, d'Automate mat enger Tastatur, déi méi déif ubruecht ass respektiv iwwer Sprooch-Steierung bedénge kënnen.

Ausserdeem soll den CO2-Foussofdrock vum Bankomat-Reseau minimiséiert ginn. Esou soll eng integréiert Recycling-Funktioun et erlaben, dass d'Geldschäiner, déi d'Clienten deposéieren, vun anere Clienten direkt nees kënnen opgehuewe ginn. Dat soll de Besoin u Geldtransporter reduzéieren.