Viru kuerzem gouf d'Wanderschéiferei op d'Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen opgeholl. Et ass eng grouss Unerkennung fir dëse Beruff.

D'Wanderschof leeschten nämlech eng wäertvoll Aarbecht wann et ëm d'Erhale vun der Biodiversitéit geet. Duerch dat ganzt Land sinn d'Wanderschof tëscht Fréijoer a bis zum Enn vum Joer ënnerwee.

3 Häerde vun all Kéiers 300 Schof pro Häerd si virun allem de Summer iwwer am Land ënnerwee. De 15. Januar ass Wanterpaus.