Aktuell gëtt un enger neier Anti-Tubak-Gesetzgebung geschafft

Ënner anerem mussen neie Tubak-Produite Warnmessagen op den Emballage kréien, dernieft ginn Aromen an Additiver fir nei Produkter verbueden.
Hei gëtt eng europäesch Direktiv an nationaalt Recht ëmgesat.
Et kéint sinn, datt déi nei Regierung bei där Geleeënheet weider Mesuren decidéiert, fir géint de Konsum vun Tubak virzegoen, heescht et aus dem Gesondheetsministère.
A wéi eng Richtung et do kéint goen, gëtt net präziséiert.
Wat e Verbuet vu sougenannte Puffen ugeet, also elektronesch Zigarette fir wechzegeheien, do misst ee kucken, ob nieft der Dimensioun vun der Ëmwelt och en Impakt op déi ëffentlech Gesondheet ginn ass, sou d'CSV-Ministesch Martine Deprez.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas hat op déi strikt franséisch Anti-Tubak-Politik verwisen a wollt via parlamentaresch Fro wëssen, wat dann zu Lëtzebuerg geplangt ass.