Kampf géint de "Woke": ADR mat klorer Missioun
D'ADR gesäit sech als grousse Gewënner an der Lëtzebuerger Politik.
Dat huet d'Partei déi mëttlerweil mat 5 Deputéierten an der Chamber vertrueden ass, de Sonndeg de Moie viru gutt 200 Memberen op der Marie-Astrid zu Gréiwemaacher op hirem Nationalkongress ënnerstrach.
D'Stëmmung war excellent. Kaum verwonnerlech. Sou huet d'ADR iwwert déi lescht 12 Méint u Popularitéit gewonnen. Iwwer 200 Membere waren um Kongress vertrueden. En neie Rekord. Et hätt ee Leit missen ewechdreiwen, well net méi Leit op d'Marie-Astrid gepasst hätten, esou d'Parteispëtzt houfreg um Kongress. Gelaachs, Kosettercher an e Sylvie Mischel, déi sech bei all Dësch mam Numm virstelle geet. Jo, de Walkampf fir d'Europawalen huet - op d'mannst intern – schonn ugefaangen.
"Den Oste muss besser mam Rescht vum Land verbonne ginn!"
Et goung an den éischte Minutte vum Kongress virun allem ëm d'Situatioun am Bezierk Osten. Et bedauert een, datt esou vill Lëtzebuerger et hannert d'Grenz zéien, fir abordabele Wunnraum ze fannen. D'Santéswiesen an den Transport am Oste wieren ze laang vernoléissegt ginn. De Wee fir an d'Stad mam ëffentlechen Transport hätt sech iwwert déi lescht 100 Joer vun 110 op 45 Minutte verkierzt. D'Connectioun vum Oste mam Rescht vum Land wier e Witz, bedauert den ADR-Éierepresident a President vum Bezierk Osten, de Jean Schoos.
Den Nationalcomité kuckt zefridden op de Juni an Oktober d'lescht Joer zeréck a gesäit sech gestäerkt fir d'Europawalen an 3 Méint. Mat enger gudder Lëscht a kompetente Kandidate géif een elo e Sëtz am EU-Parlament viséieren, erkläert de Fred Keup senge Memberen.
ADR-Memberen a Wieler wieren alles éierlech Bierger
D'ADR seet, si stéing fir eng Politik, déi d'Souveränitéit vum Land garantéiert, déi d'Sécherheet an d'Fräiheet vun de Bierger op déi iewescht Plaz setzt. Et wier een, ewéi all seng Memberen: éierlech, esou den entlaaschten Nationalpresident Fred Keup. "Mir gehéieren zu de 4 stäerkste Parteien am Land. Dorop kënne mer stolz sinn. Et gouf vill probéiert, fir d'ADR kleng ze kréien." Den Deputéierten huet rezent de Poste vum Fraktiounspresident an der Chamber iwwerholl.
Attackéiert gouf virun allem déi gréng Partei um Kongress. Ënner Applaus gouf déi grouss Néierlag am Waljoer op der Marie-Astrid nach emol Revue passéiere gelooss. Déi gréng hätte besser, sech déi nächst 5 Joer zeréckzehalen an Demut ze weisen, esou de Fred Keup. Lëtzebuerg hätt Besseres verdéngt ewéi déi Politik, déi déi lescht Jore gemaach gouf. D'ADR stéing fir eng Politik ewech vun der Verbuetshysterie, déi déi lescht Jore bedriwwe gouf. Besonnesch dofir wieren d'Europawalen am Juni esou wichteg.
Breissel vum "Woke befreien"
Bréissel géif u rosa-rout Dreem verkaf ginn, déi d'Grenze vun den eenzele Länner ëmmer méi verschwomme maachen. De Fred Keup: "Ech hu keng Loscht, Leit op Bréissel ze schécken, déi Bréissel léiwer hunn ewéi hiert eegent Land. Et sinn an Europa radikal Kräften dobäi, alles ze zerstéieren.“ Hien nennt d'Beispill vun der Lëtzebuerger Monarchie a bedauert, datt d'Kierch zu Lëtzebuerg a generell un Impakt verléiert. "Ech hunn d'Gefill, datt mer eis Identitéit ewechgeholl kréien."
D'ADR bedauert, datt mëttlerweil alles d'Schold vum ale wäisse Mann gi wier. Den Gender-Wan géif sech iwwerall austoben. An de Schoulen, an den ëffentlechen Institutiounen. Et wier de grousse Marsch vum radikalen Denken. Dem lénke radikalen Denken. Dës Europawale wiere wichteg, fir dëse Mouvement ze bremsen. Et wier e Kampf géint de "WOKE". Den Deputéierten op der Bün refuséiert nei Entwécklungen a fuerdert seng Memberen op, den 9. Juni fir Traditioun ze wielen. "Mir sinn onschëlleg, mir sinn all onschëlleg“, esou de Fred Keup och mat Vue op d'Klimakris.
Nei Spëtzt fir d'ADR
Zu Gréiwemaacher gouf dann och en neie Nationalvirstand gewielt. D'Parteispëtzt gëtt verjéngert a virun allem: weiblech. Mat 72 Prozent vun de Stëmme gouf d'ADR-Deputéiert Alexandra Schoos als Nationalpresidentin gewielt an ersetz domat de Fred Keup, dee sech net méi opgestallt hat. Si setzt sech géint de Laurent Gallinaro duerch.
Vizepresidente ginn den Dan Hardy (84%), d'Pierrette Koehler (79%), de Martiny Luc (61%) a Ramon Biermann (55%). Generalsekretär gëtt de Luc Reyter mat 94% vun de Stëmmen. Generalkeesjee bleift den Xhonneux Detlef.







