Wärend de Gemengewalen zejoert, gouf et deels kritesch Stëmmen, ma elo ass nees Beweegung an den Dossier vun der Fusioun komm.

Et gëtt een neie Moment am Dossier vun der Nordstadfusioun. Wéi d'Lëtzebuerger Wort fir d'éischt gemellt huet, hunn d'Schäfferéit vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren e Méindeg unanime decidéiert, dass een um Zesummeschloss festhale wéilt.

Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis huet dat en Donneschdeg RTL géintiwwer confirméiert. Et hätt een zu fënnef eng nei Dynamik an deem Dossier gespuert. D'Membere vun deene fënnef Gemengeréit goufen och schonn doriwwer informéiert a wäerten an deenen nächste Wochen ëm hir Meenung gefrot ginn.

An deenen nächsten zwee Méint soll eng entspriechend gemeinsam Decisioun zur Fusioun ausgeschafft ginn. Zil wär et, fir 2029 ze fusionéieren. Dofir misst 2027 ee Referendum organiséiert ginn, ewéi de Claude Gleis erkläert.

De Claude Gleis iwwer déi nächst Schrëtt vun der Fusioun

Schonn an der leschter Legislatur ware Gespréicher iwwert eng Fusioun gefouert a Workshoppe mat de Bierger organiséiert ginn.  De Gemengesyndikat Siggi hat zudeem ee Screening vun de Finanzen duerchgefouert.

Duerch d'Corona-Pandemie gouf de Fusiounsprozess allerdéngs ausgebremst. Doriwwer eraus gouf et och Streidereien ëm eng Wandmillen, déi um Terrain vun der Gemeng Ettelbréck opgeriicht soll ginn, dat net wäit vun der Uertschaft Bierden ewech, déi zur Nopeschgemeng Ierpeldeng-Sauer gehéiert.

Kuerz virun de Wale wollten déi politesch Responsabel du keng Decisioun méi huelen an dat deenen neie Gemengeréit iwwerloossen. Am Gemengewalkampf d'lescht Joer waren deelweis kritesch Stëmmen un enger Fusioun zu Fënnef ze héieren, zum Beispill vun der Dikrecher DP.  An och no de Wale war laang net kloer, ob nach all d'Gemengen um Projet festhale wéilten. Zweiwele waren zum Beispill aus Bettenduerf ze héieren. Ma elo ass nees Beweegung an den Dossier komm.

Sollt d'Fusioun Realitéit ginn, wier se mat ronn 25.000 Awunner eng vun deene gréisste Gemengen am Land an ee Géigepol zur Stad am Zentrum an der Gemeng Esch am Süde vum Land.