Et ginn iwwer 150 Milliounen Euro an d'Moderniséierung an an den Ëmbau vu militäreschen Infrastrukturen hei am Land investéiert.

Am Bleesdall gëtt de Schéissstand, deen um Terrain vun de Gemenge Parc Housen a Pëtschent läit, nei gemaach an och um Waldhaff gëtt d'Militärbasis komplett ëmgebaut. D'Chamber huet déi zwee Gesetzprojeten e Mëttwoch unanime ugeholl.

Ënnert den Deputéierte gouf et e breede Konsens, datt notamment de Krich an der Ukrain weist, wéi wichteg et ass, eng modern Arméi mat modernen Infrastrukturen ze hunn.

Moderniséierung vum Waldhaff a Bleesdall / Reportage Dany Rasqué

Militärbasis um Waldhaff

Um Waldhaff ass dat aktuell net de Fall, huet den DP-Rapporter Luc Emering ënnerstrach. D'Gebailechkeete géifen net méi de generellen an technesche Sécherheetsnormen entspriechen.

"Si sinn nëmme limitéiert funktionell, ginn net ëmmer de legalen Ufuerderunge gerecht an entspriechen och net den NATO-Standarden."

Genee dat soll sech elo änneren. Den CSV-Deputé-Maire Charel Weiler resuméiert, wat dem neie Gesetz no soll geschéien.

"De Site gëtt esou ëmgebaut, dass déi administrativ Zon an d'Munitiounslager besser vunenee getrennt sinn, och an deem Sënn, fir d'Sécherheet ze garantéieren. Déi administrativ Zon gëtt och erweidert, fir den Aufgabe vun der Arméi gerecht ze ginn. D'Munitiounslager selwer gëtt erneiert an ausgebaut, fir méi Lager-Kapazitéiten ze schafen an de Site gëtt och no baussen hi besser geséchert, wat och e wichtegen Aspekt ass."

Dësen Ëmbau soll de Leit awer och d'Méiglechkeet ginn, fir ënner adequaten a séchere Konditiounen ze schaffen. E wichtegen Aspekt fir den David Wagner vun déi Lénk.

"Mir sinn der Meenung, datt jiddereen e Recht huet op eng sécher Aarbechtsplaz. Am privaten, mä och am ëffentlechen Déngscht. Dat gëllt natierlech fir d'Arméi an aus deene Grënn droe mer dee Gesetzprojet och mat."

Och d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet ënnerstrach, datt d'Risike fir esou e schroen Accident, wéi et en am Februar viru 5 Joer gouf, sou wäit wéi méiglech reduzéiert solle ginn.

Déi budgetär Enveloppe fir de Projet läit bei iwwer 80 Milliounen Euro.

Schéissstand am Bleesdall

De Schéissstand am Bleesdall, e weidere Projet, deen eestëmmeg ugeholl gouf, ass an Tëschenzäit eng 70 Joer a Betrib an och do muss elo eppes geschéien.

Verschidden Deputéiert, déi sech d'Situatioun op den Terrain ukucke waren, soten, si wiere schockéiert gewiescht. De Schéissstand wier an engem schlechten Zoustand an dofir misst och do dringend investéiert ginn.

Dem DP-Rapporter Fernand Etgen war et wichteg ze präziséieren, datt de Site och vun der Police an der Douane ka genotzt ginn. Domadder wier e perfekt ausgelaascht.

"D'Shooting House erlaabt et dem Personal vun der Arméi an der Police, eng Formatioun bannen an engem Haus ze ginn. De Shooting Tower gëtt de spezialiséierten Eliteschützen optimal Trainingsméiglechkeeten. D'Zone de destruction erlaabt, all Zorte vu Munitioun mat akribescher Sécherheet ze zerstéieren an deen Ënnerstand Type Bunker gëtt dem Service de déminage zousätzlech Sécherheet."

D'Aarbechte ginn an 3 Phase gemaach an dauere 5 bis 6 Joer. De Marc Georgen vun de Piraten ass frou, datt fir déi Zäit eng Alternativ fonnt gouf.

"Et ass gutt, datt mer op eis belsch Partner kënnen zeréckgräifen, well wärend där Zäit, wou elo renovéiert gëtt, muss ee jo awer weiderhin üben. Et ka jo net sinn, datt eis Police an eis Arméi kee Schéissterrain méi huet an dofir musse mer de belsche Partner Merci soen, datt si eis hire Schéissterrain zur Verfügung stellen. Dat ass dono natierlech mat villen Autorisatioune verbonnen an d'Arméi huet dono vill Aarbecht, fir mat de Waffen iwwerhaapt dierfen iwwert d'Grenz ze fueren."

Déi Erausfuerderunge mussen allerdéngs an deem hei Fall mat a Kaf geholl ginn. De Käschtepunkt vun deem neie Schéissstand läit bei 70 Milliounen Euro.