Yuriko Backes presentéiert Detailer zu Erhéijung vu Verdeedegungsausgaben
Bis 2030 wäerten d'Militärdepensen op 2% vum "Revenu national brut" klammen. Dat huet de Premier a senger Deklaratioun zur Lag vun der Natioun matgedeelt.
D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet der zoustänneger Chamberkommissioun dann e Mëttwoch en éischten Abléck an eng Enveloppe ginn, déi mat weideren Honnerte Milliounen Euro wäert gefëllt ginn.
Am aktuelle Budget si 700 Milliounen Euro fir Militärdepense virgesinn. Bis 2030 soll sech dëse Montant op 1,4 Milliarde verduebelen. D'Sue sollen ënner anerem an e gemeinsame Batallioun mat der Belsch, d'Moderniséiere vum Härebierg, den Ausbau vu Satellitte-Capacitéite fir militäresch Zwecker oder nach d'Erneiere vun der Flott vun Awacs-Fligere fléissen. Parallel kënnt mat der Loftofwier ee ganz neie Vecteur derbäi, esou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. Och an d'Cyberdefense soll weider investéiert ginn.
Alles dat ass an den nächste Woche Sujet um Niveau vun der NATO. En Donneschdeg an e Freideg um Conseil vun de Verdeedegungsministeren an am Juli um Sommet vun der Allianz. Bei der Hëllef fir d'Ukrain wäert sech Lëtzebuerg da weider solidaresch weisen. Dat onofhängeg vun den eegene militäresche Besoinen, sou d'Verdeedegungsministesch.
Bei der politescher Oppositioun heiheem versteet een, dass ee militäreschen Effort néideg ass. De Fernand Kartheiser vun der ADR gëtt awer ze bedenken, dass een iwwer Diplomatie déi international Sécherheetslag esou ka beaflossen, dass den Effort de défense net esou grouss gëtt. Fir de Sven Clement vun de Piraten an de Georges Engel vun der LSAP ass dat Ganzt iwwerdeems nach e bësse Flou.