Konkret geet et ëm d'Astelle vun enger Persoun an der A2-Karriär fir de Poste vum responsabele Coordinateur vum Pacte Communal.

D'Oppositiounsparteien aus dem Hesper Gemengerot verlaangen eng Stellungnam vum Inneminister Gloden a Familljeminister Hahn par Rapport zu enger Persoun, déi rezent an der Gemeng agestallt gouf. Wéi déi Gréng, d'LSAP an d'Pirate vun Hesper an engem Bréif u béid Ministere präziséieren, kontestéiere si eng Decisioun, déi déi lescht Woch vum Gemengerot geholl gouf.

Konkret geet et ëm d'Astelle vun enger Persoun an der A2-Karriär fir de Poste vum responsabele Coordinateur vum Pacte Communal. Den dräi Parteien no hätt déi designéiert Persoun en direkte familiäre Lien zum Buergermeeschter Marc Lies, wat e potentiellen Interessekonflikt duerstelle géif. Donieft hätt si och net d'Konditiounen erfëllt, déi fir de Poste virgesi waren. D'Oppositiounsparteie fuerderen, datt den Dossier reevaluéiert gëtt a sou séier wéi méiglech déi néideg Conclusioune gezu ginn.