D'Maison médicale zu Ettelbréck ass vun elo un op enger anerer Adress. Si ass vun der Avenue Lucien Salentiny an d’Avenue des Alliés geplënnert. Déi nei Maison mécidale funktionéiert mat zwee Consultatiounsraim an zwee Generalisten, wouvunner een och Hausvisitte mécht, wann dat néideg ass. Se huet an der Woch vun owes 8 Auer bis Mëtternuecht op a weekends vu moies 8 Auer bis Mëtternuecht.
Am Ganze ginn et am Grand-Duché dräi Maisons médicales. Eng am Zentrum, net wäit vum CHL, eng um Belval an eeben eng zu Ettelbréck. Am Oste ginn et aktuell keng konkret Pläng an och net fir eng zweet am Norden, dat huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez e Méindeg de Moie bei der Inauguratioun confirméiert.