D'Oppositioun hat sech géint e Rekrutement gewiert an hat an deem Kontext Diskussiounen aus engem Huis clos ëffentlech gemaach, kritiséiert de Marc Lies.

De Marc Lies (1)

"Mat engem Numm, deen ëffentlech gemaach ginn ass. Mir hunn e Pirat bei eis am Gemengerot setzen. D'Piratepartei steet fir Dateschutz. Et ass no bausse kommunizéiert ginn. D'CNPD (national Dateschutzkommissioun) wäert domadder befaasst ginn. Et ass kommunizéiert ginn aus dem Huis clos eraus iwwer delikat Affären. Dat déi net dierften a sollten no bausse kommunizéiert ginn, steet och klipp a kloer am Reglement vun der Gemeng Hesper."

Den Inneminister Leon Gloden hat no der Interventioun vun der Hesper Oppositioun de Rekrutement vun engem Coordinateur pacte communal annuléiert.

D'Kandidatin hätt e Bachelor gehat, mä an der Annonce fir de Posten hätt d'Gemeng eng Spezifikatioun gefrot, déi eigentlech net néideg gewiescht wier an déi huet der Kandidatin gefeelt, explizéiert de Marc Lies.

De Marc Lies (2)

"Dat ass och dat, wat an engem Gespréich mat de Consultante vum Familljeministère zeréck behal ginn ass, dass si gesot hunn, Jo mir hunn iech eng Job-Beschreiwung ginn, mä dat sollt als Richtung consideréiert ginn an net als dat, wat dono sollt oder misst zeréckbehale ginn fir eng Nominatioun. Dat, wat an enger Job Description steet, do fënnt een ni eng Persoun, déi dat 100 Prozenteg erfëllt. "
 
D'Kandidatin huet e familiäre Lien mam Buergermeeschter, mä den Interessekonflikt huet de Léon Gloden net zeréck behal, well de Marc Lies sech net un den Diskussiounen an um Vott bedeelegt gehat hätt.
 
Den Hesper Buergermeeschter schéngt um Donneschdeg am Nomëtteg seng Roserei bei der Oppositioun zum Ausdrock bruecht  a Membere vum Gemengerot iwwer SMS kontaktéiert ze hunn.

D'Oppositioun huet um Donneschdeg den Owend an engem Communiqué geschriwwen Sätz wéi "Är Aktioun wäert Folgen kréien" oder "de Rescht kënnt no. Déi rout Linn ass iwwerschratt" wieren inakzeptabel Messagen, déi een als Aschüchterungsversuch géing gesinn.

Déi Gréng, d'Piraten an d'LSAP vun Hesper hunn elo de Buergermeeschter an de Schäfferot opgefuerdert, schrëftlech op déi Messagen ze reagéieren.

D'Schreiwes vum Ministère

Le ministre des Affaires intérieures annule la décision du conseil communal de Hesperange relative au recrutement d’un employé communal pour le poste du «Coordinateur du pacte communal» (18.07.2024) 
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures 
 
Le ministre des Affaires intérieures, Léon Gloden, a pris acte de la contestation exprimée par les conseillers de l’opposition quant à la décision du conseil communal de Hesperange du 12 juillet 2024 relative au recrutement d’un employé communal de grade A2 pour le poste du «Coordinateur du pacte communal». Après avoir effectué le contrôle de légalité prévu par la loi communale modifiée du 13 décembre 1988, le ministre a conclu que la candidate n’a pas satisfait aux exigences au niveau des diplômes requis. Pour cette raison, il a décidé d’annuler la décision du conseil communal de Hesperange.

Dans ce même contexte, il y a lieu de noter que le reproche de conflit d'intérêts à l'encontre du bourgmestre est sans objet dans le présent cas, étant donné que conformément aux dispositions de l’article 20 de la loi communale précitée, le bourgmestre avait quitté la salle lors du point de l’ordre de jour en question et n’avait participé ni aux discussions ni au vote y afférents.