Oppositioun kritiséiert Verhale vu Buergermeeschter Marc Lies
D'Oppositioun geheit dem Buergermeeschter Marc Lies Menacë vir. / © RTL-Archiv
D’Oppositioun aus dem Hesper Gemengerot fuerdert eng Entschëllegung vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies no engem Message un de Vertrieder vun de Piraten.
Um virleschte Freiden, dem 12. Juli, gouf am Hesper Gemengerot am Huis clos iwwer d’Besetzung vum Poste fir e Coordinateur fir de Gemengepakt ofgestëmmt. Mat der Majoritéit vun de Stëmme gouf eng Persoun zeréckbehalen. Am Virfeld vum Vott war de Buergermeeschter aus dem Raum gaangen, wëll e familiäre Lien zu der Persoun géing bestoen.
Fënnef Deeg méi spéit, de 17. Juli riicht d’Oppositioun sech un den Inneministère. D’Persoun, déi zréckbehale gouf, hätt net déi néideg Qualifikatioun, déi an der Ausschreiwung gefrot gi wier. Si kéint e Bachelor an der Hotellerie virweisen, mat enger Spezialisatioun am Marketing an am Verkaf. Ma net dee gefuerderte Bachelor a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften. Zu engem Interessekonflikt kéint dann och féieren, dass d’Persoun e familiäre Lien zum Buergermeeschter hätt an dono sollt an der Hierarchie direkt ënnert him schaffen.
Just een Dag drop, den 18. Juli: Den Inneminister Léon Gloden (CSV) annuléiert d’Nominatioun, well d’Persoun net dee gefroten Diplom hätt. D’Argument vun der Vetternwirtschaft gëtt net gëlle gelooss, wëll den CSV-Buergermeeschter Marc Lies sech jo beim Vott zréckgezunn hätt. Beim Prozess vun der Virentscheedung, wéi ee Kandidat dem Gemengerot proposéiert gëtt, war hien awer wuel mat dobäi, wat d’Oppositioun kritiséiert. "Dat ass logescherweis ëmmer esou, dass de Schäfferot mat deene concernéierte Beamten do sëtzen, an déi Interviewe feiert", huet den éischte Schäffe Claude Lamberty (DP) geäntwert op d’Fro, ob de Marc Lies bei den Interviewe vun de Kandidate mat dobäi war. Ma et wier him awer wichteg hei ze preziséieren, dass den Inneminister jo festgehalen hätt, dass et keen Interessekonflikt géing ginn.
D’Oppositioun (Déi Gréng, Piraten, LSAP) kritiséieren dann, dass dëse Prozess fir e Posten ze besetzen ontransparent wier. Et hätt een zwar op Nofro hin Asiicht kritt, wéi eng Kandidaten sech gemellt hätten, ouni dass awer kloer wier, wien dono virgeluede gouf. Esou wéisst een net, ob d’Kandidatin, déi de Gemengerot proposéiert krut, déi bescht gewiescht wier. Mat hirem Mësstrauen hätt d’Oppositioun net falsch geleeën. "Den Innenminister huet eis jo och Recht ginn, a lo sinn et eben déi Suitten déi do sinn", betount de Mathis Godefroid (Piraten).
Dem Buergermeeschter Marc Lies gi Menacë virgeworf
Och wann de Piraten an déi Gréng d’Affär net gefält, well et net déi éischt Kéier wier, dass et zu esou enger Affär kënnt, wier fir si domat d’Geschicht eigentlech erleedegt gewiescht. Wier do net eng Retourkutsch vun Hesper komm, a Form vun engem Message un de Vertrieder vun de Piraten. Den 18. Juli huet sech dofir d’Oppositioun nees un d’Hesper Gemeng an d’Press geriicht. An engem Schreiwes heescht et, dass den Hesper Buergermeeschter der Oppositioun géing dreeën.
"Är Aktioun wäert Folge kréien, en plus hutt dir d’Gemengegesetz an den ROI (Règlement d’ordre intérieur) vun der Gemeng violéiert! Dat gëtt interessant", stoung an engem Message, geschéckt vum Buergermeeschter. Oder och nach "de Rescht kënnt no. Déi rout Linn ass iwwerschratt." Am RTL-Interview (18.07.) huet de Marc Lies gesot, dass déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) wäert mat der Affär befaasst ginn, well Saachen aus dem Huis clos ëffentlech kommunizéiert gi wieren. De Mathis Godefroid vun de Piraten an de Stephen De Ron vun déi Gréng bleiwen awer bei hirer Iwwerzeegung. Si hätten op e Problem opmierksam gemaach. Wann de Buergermeeschter géing mengen, si hätten e Feeler gemaach, soll hie rechtlech Schrëtter aleeden, ënnersträicht de Stephen De Ron.
An der Gemeng rumouert et. / © RTL-Archiv
"Mir haten elo eng Rëtsch vu Skandaler. An dat mécht et schwiereg, wëll ech well am Fong guer net iwwer esou Theme schwätzen. Mir hu wierklech vill méi wichteg Saachen ze maachen", ënnersträicht de Mathis Godefroid. Och an der leschter Legislaturperiod hätt de Marc Lies schonn deene Grénge gedreet, seet de Stephen De Ron, ouni op Detailer anzegoen. Déi zwee Politiker erënneren dann nach un dem Marc Lies seng verbal Entgleisungen op Facebook am Mäerz, wou hie Stëmmung géint Refugiéeë gemaach huet.
Eigentlech géingen si sech vum Buergermeeschter op d’mannst eng Entschëllegung erwaarden. Mee sech entschëllegt hätt en sech jo och deemools schonn, an et géing ee gesinn, wat geleiert gi wier. De Stephen De Ron freet sech, op de Marc Lies dem Amt vum Buergermeeschter nach wierdeg wier. Hien an de Mathis Godefroid soen, den Ament wier d’Vertrauensbasis fir d’Zesummenaarbecht mam Schäfferot am Gemengerot futti. Si froen sech, wéi de Schäfferot zum Buergermeeschter steet, besonnesch, wëll d’DP an der Legislaturperiod virdrun, an der Oppositioun, nach staark fir Transparenz agetruede wier.
Den éischte Schäffe Claude Lamberty (DP) seet, sech beim Vott vun der Kandidatin kengem Feeler bewosst gewiescht ze sinn. De Buergermeeschter hätt de Sall verlooss, wéinst dem familiäre Lien. Et wier een der Meenung gewiescht, dass eng Persoun mat Bachelorofschloss géing gesicht ginn, wéi vum Familljeministère fir de subventionéierte Poste gefuerdert. Wuel wier awer Gemengen-intern bei der Job-Beschreiwung dobäi gesat ginn, dass den Ofschloss a Sozial- an Erzéiungswëssenschafte géing gesicht ginn. Op dat néideg gewiescht wier, stellt de Claude Lamberty a Fro. D’Decisioun vum Inneminister géing hien awer akzeptéieren, an domat wier fir hien déi Saach ofgeschloss. Och de Marc Lies hat am RTL-Interview gesot, dass et vum Familljeministère no engem Gespréich geheescht hätt, dass d’Job-Beschreiwung eigentlech just hätt sollen als Richtung consideréiert ginn, an net hätt missen zréckbehale ginn.
Ma ier d’Geschicht ofgeschloss war, huet de Marc Lies selwer mat sengem Message un de Vertrieder vun der Piratepartei fir eng zweet Ronn gesuergt. De Claude Lamberty seet, hien hätt dem Buergermeeschter gesot, dass hien net hannert esou Wieder oder esou enger Hypothees vun enger Aschüchterung géing stoen. Déi Concernéiert misste senger Meenung no elo matenee schwätzen. Hien wéilt nämlech virun allem un der Ëmsetzung vum Koalitiounsaccord schaffen.