De Fonds du Logement huet bannent de leschte 5 Joerzéngte knapp 4.500 Wunnengen op de Maart bruecht a gesäit sech als gréisste "soziale Bailleur" am Land.

D'Hallschent dovunner si Locatiounswunnengen, déi de Fong geréiert, knapp 1.800 goufen der verkaf.
 
Zejoert huet de Fong 85 Wunnengen op de Maart bruecht, déi verlount oder verkaf goufen. Dat sinn der 17 manner wéi 2022 - aktuell sinn eng 3.300 abordabel Wunnenge geplangt oder am Bau.
 
De netto Chiffre d'affaires goung vu knapp 32 op 28 Milliounen erof. Den Defizit louch bei 11,5 Milliounen a gëtt reportéiert. Aktuell ass de Fong Proprietär vu Bauterrainen, déi eng Valeur vun 146 Milliounen hunn.
 
175 Milliounen huet de Fong fir de Bau vu bezuelbare Wunnengen zejoert ausginn. Am Kader vum VEFA-Programm, dem Opkafe vu Bauprojeten, goufen eng 190 Unitéite vum Fong kaf.

Déi gréisst Chantiere vum Fonds du Logement sinn aktuell de Quartier "Wunne mat der Wooltz", d'Diddelenger NeiSchmelz, "an der Schmëtt" zu Biwer, d'Cité Manertchen zu Iechternach an de "Wëltgebond" zu Mamer. 
 
Beim Fonds du Logement schaffen aktuell knapp 200 Leit. Zanter 7 Joer gëtt de Verwaltungsrot vum Fong vum Diane Dupont geleet, déi de Logementsminister an deem Gremium vertrëtt.