"Meng Cliente war net à l'origine vun der Fraude"
© Didier Weber
Mir hu mam Affekot geschwat, deen déi héich placéiert Mataarbechterin vun der Caritas, vertrëtt, déi sech den Ermëttler gestallt huet.
Nodeems de Parquet um Dënschdegmoie matgedeelt huet, dass een a Richtung vun engem "Presidente-Bedruch" géif enquêtéieren, sot den Affekot vun der Fra: "Meng Cliente war net à l’Origine vun der Fraude." Och hätt seng Mandantin kee Cent kritt. Wou d'Sue lo wieren, wéisst d'Fra net.
Mataarbechterin vun der Caritas selwer Affer?
Déi héich placéiert Mataarbechterin wier der Meenung, och selwer Affer vun enger sougenannter "Arnaque au président" ginn ze sinn, esou den Affekot.
D’Fra wier den Ament nach ëmmer ënner Hausarrest a géif sech reegelméisseg bei der Police mellen. De Contrôle judiciaire gëllt zanter dem 22. Juli 2024.
Wisou d’Fra net an Untersuchungshaft sëtzt, mee ënner Hausarrest steet, ass eng Fro, déi och vill zirkuléiert. Op Nofro, wisou dat esou wier, krute mer vum Parquet schrëftlech matgedeelt, dass dat eng Decisioun vum Untersuchungsriichter wier, dee seng Motivatioun net géif verëffentlechen.