E Mëttwoch gouf bekannt, datt den Inneminister Léon Gloden op en Neits eng Nominatioun vun engem Gemengerot annuléiert huet.

Virun e puer Wochen hat jo schonn de Fall Hesper nawell vu sech schwätze gedoen. Am neie Fall geet et konkret ëm d'Gemeng Sandweiler, déi Enn Juni ee Fonctionnaire an der Karriär A1 fir de Service technique provisoresch nominéiert hat.

Ausgeschriwwe war de Poste fir e Master an der Architektur, Urbanismus an Aménagement du territoire. D'Persoun, déi mat de Stëmme vun der LSAP-DP-Majoritéit zréckbehale gouf, hätt allerdéngs e Master an der Ëmweltplanung an der sougenannter Ingenieur-Ecologie gehat, haten déi Gréng zu Sandweiler kritiséiert. D'Oppositiounspartei hat dowéinst formell am Inneministère reklaméiert. Virun allem well sech - hirer Meenung no - op d'mannst ee Kandidat fir de Poste gemellt hätt, dee genee déi Konditiounen erfëllt hätt, déi gefrot waren. Den Interieur ass wéi gesot zur Konklusioun komm, datt de Kandidat net de Critèren entsprach huet an huet d'Nominatioun dowéinst Uganks des Mounts annuléiert.

Viru bal engem Mount hat e Rekrutement an der Gemeng Hesper fir e Coordinateursposten am Gemengepakt héich Welle geschloen. Dat och, well den CSV-Buergermeeschter Marc Lies d'Oppositioun schaarf kritiséiert an hirer Meenung no ëffentlech menacéiert hat, nodeems déi d'Diskussiounen iwwert d'Nominatioun aus engem Huis clos ëffentlech gemaach haten. D'Oppositiounsparteie vun déi Gréng, Piraten an LSAP  waren der Meenung, datt d'Persoun, déi zréckbehale gi war an och nach familiär Lienen zum Marc Lies huet, net déi néideg Qualifikatiounen hat, déi u sech an der Ausschreiwung gefrot gi waren. Donieft kéint en Interessekonflikt bestoen. Den CSV-Inneminister hat de Reproche vun der Vetternwirtschaft net gëlle gelooss, ma d'Nominatioun trotzdeem oferkannt, well d'Kandidatin déi néideg Diplomer net hat.