De Mike Dickes konnt beim Feier zu Monnerech e Bouf vum Daach retten
En Dënschdeg war et zu engem Féier an engem Haus zu Monnerech komm. E Beruffspompjee, deen zoufälleg op der Plaz war, konnt Schlëmmeres verhënneren.
Géint 15.30 Auer ass en Dënschdeg beim Noutruff en Appell agaangen. An der Rue d’Esch zu Monnerech géing en Haus brennen. Deen Ament war de Mike Dickes wuel schonn op der Plaz, an huet do méiglecherweis engem Bouf d’Liewe gerett.
De Monnerecher war dee Mëtteg mat senger Duechter bei senger Schwëster op Besuch, fir schwammen ze goen, wou et bemol geknuppt huet. De Beruffspompjee reagéiert séier. Tauscht seng Flip-Flops géint fest Schong a leeft op d’Plaz, vu wou de Kaméidi hierkoum. "Ech hunn de Papp virun der Dier gesinn erop op den Daach ze kucken", erzielt de Mike Dickes. Wou hien och erop gekuckt huet, konnt hien erkennen, dass an deem villen Damp een um Daach géing stoen.
Séier huet de Pompjee reagéiert, ass bei dat ugebauten Nopeschhaus schelle gaangen an huet gefrot, fir kënnen duerch d’Haus op de leschte Stack ze goen. Do ass hien zu der Fënster erausgeklommen a konnt iwwert den Daach bis bei de Jong kloteren. Direkt fort koumen déi zwee awer net, wëll dëse mat senger Kleeder an den Neel vum Daach festhoung. Nodeems et dem Mann gelonge war, de Bouf lass ze maachen, sinn si duerch d’Fënster vum Nopeschhaus vum Daach erofgeklommen.
Seng séier Reaktioun a seng Erfarung hunn dem Bouf méiglecherweis d’Liewe gerett. Dësen ass mat schwéiere Verbrennungen un den Hänn a Blessuren an d’Spidol komm. Et wier keng Situatioun gewiescht, déi een als Pompjee dacks am Alldag erlieft, seet de Mike Dickes. Och d’Leit ronderëm ware wuel vun der Situatioun iwwerfuerdert. Wou hie bei d’Haus gelaf ass, hätt hie vill Leit gesinn, déi mam Handy gefilmt hätten. Gemaach hätten se näischt, erënnert sech de Mike Dickes. "Et war ee Mann, deen huet probéiert mam Gaardeschlauch ze läschen. Mee dat wichtegst, d’Kand um Daach, ass iergendwéi negligéiert ginn", erënnert sech de Mike Dickes.
Aus senger laangjäreger Experienz als Pompjee, mengt hien ze erkennen, dass den Zivilcourage an der Bevëlkerung ofgeholl huet. Ma jidderee kéint eppes maachen, ouni sech selwer a Gefor ze bréngen. "Et kann een ni eppes falsch maachen. Hëllefen ass ëmmer besser wéi näischt maachen", sou säi Message. Doriwwer eraus wëll hien d’Leit drun erënneren, dass wann een Zeie vun engem Brand gëtt, ee soll d’Leit an den Nopeschhaiser alarméieren, an sech och dorëm ka këmmeren, dass Autoe geréckelt ginn, fir dass d’Pompjeeën ouni Problemer bäikommen. Et misst een net selwer an d’Feier sprangen. Et soll ee weder sech, nach anerer a Gefor bréngen. Mee wichteg wier et, sou gutt ee kann, Leit ze hëllefen, déi an Nout sinn.