Am Norde vum Land entsteet mat Wunne mat der Wooltz e ganz neie Staddeel: 1.085 abordabel Wunnenge sollen hei bis 2038 entstoen.

Am Fong sollten déi éischt Logementer schonn Enn des Jores geliwwert ginn. Deen Datum ass awer mëttlerweil vum Dësch.
 
Enn 2009 sinn déi éischt Etüde fir de Mammutprojet op 34 Hektar ugelaf, 2038 da soll de Quartier mat sengen 1.085 Wunnenge stoen. 70 Prozent gi verlount, 30 ginn an d’Vente. Definitiv Präisser ginn et nach net. De Projet ass opgedeelt op 7 Deel-Bebauungspläng an e steet  am Zeeche vun der Nohaltegkeet.

RTL

Nohalteg ass bis elo awer mol nach d’Industriellt Ierwe vum Site, ee vun de Grënn , firwat et dauere géif, erkläert den Direkter vum Fonds du Logement, de Jacques Vandivinit: “Et ass ebe keng schéi propper Wiss, wou een direkt kann drop bauen, mee bis dass dat alles fäerdeg ass an dat maache mir a Phasen, fir gutt virun ze kommen, musse mir d’,Altlastenbehebung’ maachen, fir dass een iwwerhaapt mol eng Strooss oder e Gebai kann dropstellen”.

Dofir, awer och fir d’Renaturéierung vun der Wooltz huet de Staat 2021 eng éischt Enveloppe vun 126,5 Milliounen Euro gestëmmt, an enger éischter Phas bezilt de Staat 286 Millioune fir déi éischt 3 PAPen “Geetz”, “Giewerei” an “Nordhang”. Fir de ganze Projet ass bis zu enger Milliard virgesinn.

2.500 nei Awunner- eng Erausfuerderung fir d’Integratioun

Mat Wunne mat der Wooltz kritt d’Stad 2.500 Awunner bäi,  dat ass ëmmerhin e Plus vun 30 Prozent. Alles an Allem léich Wolz da bei iwwer 10 000 Awunner. Ëmmer erëm gouf et d’Diskussioun, ob den neie Quartier eng “Stad an der Stad” kéint ginn. D’Buergermeeschtesch Carole Weigel ass awer positiv, dass d’Gemeng infrastrukturell gutt opgebaut wier:

Et brauch een Aarbechtsplazen. Hei komme Commercen dran, et komme Büroen dran, et gëtt zesumme mat de staatlechen Zerwisser geschafft, et komme Sportinfrastrukturen dran. Dat heescht, et soll schonn e ganz liewege Quartier ginn an dofir gëtt elo well op dat alles Récksiicht geholl”.
 
Mam Schoulcampus  deen zanter leschter Rentrée op ass, hätt een och schonn e Grondsteen dofir geluecht grad ewéi mam Kannermusée.

Éischt Wunnengen elo Enn 2025

De Stéchdatum fir déi éischt Wunnengen ass elo mol op Enn 2025 geréckelt- bedéngt duerch d’Konditioune vum Site, vum Marché, an dem interne Personalschlëssel. Schliisslech wieren d’Ekippe vum Fonds du Logement och vill dermat beschäftegt, deen aktuelle Bestand ze geréieren. Dass ee sech mam Projet “Wunne mat der Wooltz” iwwerholl hätt, léisst den Direkter awer net gëllen. Et wier een am Zäitplang, an et géif een aktuell op Autorisatioune waarden.